Cate Blanchett |
---|
 |
Gebuertsnumm | Catherine Élise Blanchett |
---|
Gebuer | 14. Mee1969 Melbourne |
---|
Nationalitéit | Australien,USA |
---|
Educatioun | National Institute of Dramatic Art |
---|
Aktivitéit | Filmproduzent,Filmregisseur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller,Schauspiller, Synchronspriecher, Televisiounsproduzent |
---|
Gielercher | Oscar fir déi bescht Schauspillerin, Oscar fir déi bescht Schauspillerin an enger Nieweroll,Golden Globe Awards, Crystal Award, Chevalier vum Ordre des Arts et des Lettres,Screen Actors Guild Awards, Companion of the Order of Australia, Stär um Hollywood Walk of Fame |
---|
Famill |
---|
Bestuet mat | Andrew Upton |
---|
 |
D'Catherine Élise "Cate"Blanchett, gebuer de14. Mee1969 zuMelbourne, ass engaustralesch Theater- a Filmschauspillerin. Si huet fir hir Rollen eng ganz Rëtsch Ausszeechnunge kritt, dorënner zwéinOscaren, dräiScreen Actors Guild Awards, dräiGolden Globe Awards an dräiBAFTA Awards.
Si gouf 1998 international fir hir Roll alsElizabeth I. vun England am FilmElizabeth bekannt. Vill Luef krut si fir hir Personifikatioun vun derKatharine Hepburn amMartin Scorsese sengem FilmThe Aviator (2004), an 2013 hat si d'Haaptroll amWoody Allen sengemBlue Jasmine. Fir dës zwéi leschtgenannt Filmer huet si enOscar gewonnen.
Aner bekannt Filmer, an deene si matspillt, sinn demPeter Jackson sengThe Lord of the Rings-Trilogie (2001-03),Elizabeth: The Golden Age,Veronica Guerin (2003),Babel (2006),Notes on a Scandal (2006),I'm Not There (2007),Indiana Jones and the Kingdom of the Crystal Skull (2008), anThe Curious Case of Benjamin Button (2008).
Och am Theater hat si eng beandrockend Karriär.