Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Carlos I. vu Portugal

Vu Wikipedia
Carlos I. vu Portugal
Titelen
Kinnek vu Portugal
Zäit1889 bis1908
VirgängerLuis I.
NofollgerManuel II.
Biographie
Gebuer28. September1863
Gestuerwen1. Februar1908
PappLuis I. vu Portugal
KannerManuel II. vu Portugal
GielercherChevalier vum Uerde vum Gëllene Vlis

DeCarlos I., gebuer den28. September1863 zuLissabon, an och do den1. Februar1908 duerch en Attentat gestuerwen, war vun 1889 bis zu sengem Doud Kinnek vu Portugal a vun der Algarve.

Liewen

[änneren |Quelltext änneren]

De Carlos gouf1863 als Jong vumLuis I. vu Portugal an derMaria Pia vun der Savoie gebuer, an enger Zäit vu groussen Transformatioun an der europäescher Gesellschaft, gebuer. Derepublikanesche System huet sech no derfranséischer Revolutioun lues a lues doruechter duerchgesat, z. B. huet de Versuch,Mexiko ënner demMaximilian I. vu Mexiko an engMonarchie ëmzewandelen, feelgeschloen. De Carlos, als Prënz vun engem dekadente Räich, war sech es bewosst, datt seng Zukunft als Kinnek op wackelege Féiss stéing: e puer vu senge Familljememberen hunn hir Kroun verluer, an och seng eege Fra d'Amelie vun Orléans war eng Nokomme vum ofgesate franséische KinnekLouis Philippe.

1889 ass dem Carlos säi Papp Luis I. vu Portugal gestuerwen an hie gouf Kinnek. Wärend senger Herrschaft sinn déi republikanesch Stréimungen ëmmer méi staark ginn; och, well de Carlos sech éischter konservativ gewisen huet.

Regizid

[änneren |Quelltext änneren]
Illustratioun vum Attentat

Den 1. Februar 1908 koum déi kinneklech Famill an enger oppener Kutsch vun hirer Residenz zuVila Viçosa op Lissabon zeréck. Dräi Attentäter hunn op si gelauert, an de Carlos an den Trounfollger, de Luis Felipe, erschoss.

En anere Bouf vum Carlos, de Manuel, gouf alsManuel II. neie Kinnek. Ma schonn 1910 gouf d'portugisesch Monarchie fir zerguttst ofgeschaaft.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Carlos I. vu Portugal – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Carlos_I._vu_Portugal&oldid=2587786
Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp