Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Carl von Linné

Vu Wikipedia
Carl von Linné
GebuertsnummCarl Nilsson Linnaeus
Gebuer23. Mee1707
Råshult
Gestuerwen10. Januar1778
Uppsala
NationalitéitSchweden
EducatiounUniversitéit Lund,
Universitéit Uppsala
AktivitéitGeolog, Professer, Botaniker,Dokter, Autobiograph,Biolog, Mykolog, Pteridolog, Bryolog, Zoolog, Entomolog, Ornitholog,Naturalist, Arachnolog, Mineralog, Taxonom
AuteursrechterAuteursrechter sinn ofgelaf
Member vunPreisesch Wëssenschaftsakademie, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina,Royal Society,Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Kinneklech dänesch Akademie vun de Wëssenschaften, Académie des sciences, American Philosophical Society
Famill
Bestuet matSara Elisabeth Moræa
KannerCarl von Linné Jr.

DeCarl Linnaeus oderCarl Nilsson Linnaeus, an nodeem en am Joer1762 geadelt gouf,Carl von Linné, gebuer den23. Mee1707 zuRåshult aSüdschweden, a gestuerwen den10. Januar1778 zuUppsala, war e schweedeschen Naturfuerscher.

Hien huet d'Taxonomie, engbinär Nomenklatur, agefouert an huet domat d'Grondlag geschaf vun derbotanescher Fachsprooch. Hien huet de Linné-System vumPlanzeräich agefouert.

Liewen

[änneren |Quelltext änneren]

De Carl Linnaeus huet seng Medezinstudien op derUniversitéit zuLund ugefaangen. Et huet dunn awer op d'Universitéit vun Uppsala gewiesselt, well do d'Botanik, säi Liblingsfach, méi grouss geschriwwe gouf. Wärend sengem Studium huet hien engExpeditioun aLappland gemaach, wou hien d'Planzewelt do méi genee studéiere konnt.

Wéinst dem villen Duercherneen, deen an der Andeelung vun der Planzewelt war, huet hien ugefaangen en eegene System z'entwéckelen. Dës Systematik huet hien a sengem Wierk, demSystema naturae verëffentlecht.

1751 huet hien en zweetBuch erausginn, woudran hie säi System vun den Nimm virgestallt huet. No dësem System ginn haut nach d'Aarte vun de Liewewiese benannt: allDéieren a Planzen hunn en zweedeelegen Numm, wou deen éischten Deel den Numm vun derGattung an deen zweeten den Numm vun derAart ass.

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Carl von Linné – Biller, Videoen oder Audiodateien
Autoritéitskontroll
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Carl_von_Linné&oldid=2603106
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp