Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Carl Sagan

Vu Wikipedia
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien dattSchreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nachnet nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuellgeläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Carl Sagan
Gebuer9. November1934
Brooklyn
Gestuerwen20. Dezember1996
Seattle
DoudesursaachLongenentzündung
NationalitéitUSA
EducatiounUniversity of Chicago,
University of Chicago,
University of Chicago
AktivitéitKosmolog,Astrophysiker, Romancier, Planetolog, Weltraumwëssenschaftler, Science-Fiction-Schrëftsteller, Wëssenschaftsauteur,Astronom, Universitéitsprofesser,Schrëftsteller, Saachbuchauteur,Physiker,Dréibuchauteur,Naturalist, Fernseemoderator
Member vunAmerican Philosophical Society,American Academy of Arts and Sciences,International Astronomesch Unioun,American Astronomical Society, American Association for the Advancement of Science,American Physical Society
GielercherHumanist vun Joer
Famill
Bestuet matLinda Salzman Sagan (6.4.1968–1981),
Lynn Margulis (16.6.1957–1965),
Ann Druyan (1.6.1981–20.12.1996)
KannerDorion Sagan, Jeremy Sagan, Nick Sagan
Websäithttps://carlsagan.com
Voyager Golden Record - Cover mitinterstellarer Uweisung fir de Gebrauch
Voyager Golden Record - Dateplack mat Bild- an Touninformationen
Pioneer-Plack

DeCarl Edward Sagan, gebuer den9. November1934 zuBrooklyn,New York City, a gestuerwen den20. Dezember1996 zuSeattle,Washington, war enUS-amerikaneschenAstronom,Astrophysiker,Exobiolog,Tëleesmoderator,Saachbuchauteur,Schrëftsteller aVisionär.

Liewen a Wierk

[änneren |Quelltext änneren]

De Carl Saganpromovéiert1959 iwwer d'Méiglechkeet vum Liewen op anere Planéiten a bereet de Wee fir d'Exobiologie vir, souwéi fir d'Sich no ausserierdescher Intelligenz (SETI). Hie warProfesser a Laboratoiresdirekter op derUniversitéit Cornell an hat zu de meeschten onbemannte Weltraummissioune bäigedroen, déi eistSonnesystem erfuerscht hunn. Seng Iddi war, eng friddlech Noriicht vun der Mënschheet un engem Raumschëff unzebrengen, déi vun enger ausserierdescher Intelligenz verstane ka ginn. Dës Botschaft realiséiert hie mat der gëllener DateplackVoyager Golden Record an de RaumsondenVoyager 1 aVoyager 2.

Er schrieb und moderierte die – Ausgezeechent mat demPeabody Award an derEmmy gouf hie mat senger dräizéngdeeleger TëleesserieUnser Kosmos (Cosmos: A Personal Voyage; Däitsch Éischtsendung 14. Juni 1983), zu där et bill zousötzlech Neibeaarbechtunge komm sinn, zulescht am Joer2005. Aus der Tëleesserie entstoung e Buch mam selwechten Numm, wat sech iwwer 70 Woche laang an derNew-York-Times-Bestsellerlëscht gehalen huet an domat dat meeschtverkaaftent englescht Wëssenschaftsbuch ginn ass. Doriwwer eraus huet de Sagan populärwëssenschaftlech Bicher wéiD'Draache vun Eden, fir dat hien1978 mat demPulitzer-Präis fir Saachbicher ausgezeechent gouf, geschriwwen. Weider huet hien de RomanContact geschriwwen, deen1997 mat derJodie Foster am FilmContact adaptéiert gouf. De Film geet mat de Wierder „FOR CARL“ („Fir Carl“) zu Enn.

De Sagan war Grënnungsmember vumCommittee for the Scientific Investigation of Claims of the Paranormal (CSICOP), Member bei derSkeptics Society, Matgrënner an éischte President vun derPlanetary Society, President vun der „Division of Planetary Sciences“ vun derAmerican Astronomical Society, President vun der Sektioun fir Planetologie vun derAmerican Geophysical Union, President vun der Sektioun fir Astronomie bei derAmerican Association for the Advancement of Science an 12 Joer laang Editeur vun der ZäitschrëftIcarus, engem Magazin fir planetaresch Fuerschung.

Hie war Coauteur vum Schreiwen, dat virun de Gefore vun engemnukleare Wanter gewarnt huet. Hien huet géint déi ënnerirdeschAtomtester anNevada demonstréiert an huet d'Gefor vun engerglobaler Äerderwäermung duerch Mënschenhand fréizäiteg erkannt, a se mat den Zoustänn um PlanéitVenus verglach.

De Carl Sagan war dräimol bestuet; fir d'éischt mat där duerch d'Endosymbiontentheorie bekannter BiologinLynn Margulis (1957, Mamm vum Dorion Sagan), du mat der Kënschtlerin Linda Salzman (1968, Mamm vumNicholas Sagan) a vun 1981 bis zu sengem Doud mat derAnn Druyan, der Coauteurin vun e puer vu senger Bicher, der TëleesserieCosmos an deen no enger Virlag vum Sagan gemaachene KinofilmsContact.

No enger laanger a schwéierer KrankheetMyelodysplasie ass de Carl Sagan am Alter vun 62 Joer gestuerwen. Amposthum publizéierte BuchBillions and Billions, stinn e puer vu senge leschten Texter, an hält mat engem Text vu senger Fra op, an deem si de Mënsch Sagan a seng lescht Deeg op eng ganz perséinlech Aart a Weis beschreift.

DenIsaac Asimov huet gesot, datt hien nëmmen zwéi Mënsche getraff huet, déi hie fir méi gescheit, wéi sech selwer gehalen huet. De Carl Sagan wier ee vun deenen (deen aneren, deMarvin Minsky).

D'Landeeenheet vun derMars Pathfinder Missioun gouf1997 zu Éiere vum Carl Sagan ëmgedeeft an d'Carl Sagan Memorial Station. No him gouf och dee vum E. Bowell, den21. Mäerz1982 entdeckten Asteroid(2709) Sagan benannt.

Auszeechnungen

[änneren |Quelltext änneren]
  • John F. Kennedy Astronautics Award der American Astronautical Society,
  • Explorers Club 75th Anniversary Award,
  • Konstantin-Ziolkowski-Medaille der Soviet Cosmonautics Federation,
  • Masursky Award der American Astronomical Society,
  • Public Welfare Medal derNational Academy of Sciences,
  • NASA Apollo Achievement Award,
  • NASA-Medaile firExceptional Scientific Achievement und Distinguished Public Service
  • Pulitzer-Präis
  • Oersted Medail 1990

Literatur

[änneren |Quelltext änneren]
  • Carl Sagan:Blauer Punkt im All. Unsere Heimat Universum, Bechtermünz, 2000 (däitschsproocheg Editioun),ISBN 3-8289-3401-3
  • Carl Sagan:Der Drache in meiner Garage. Oder die Kunst der Wissenschaft Unsinn zu entlarven, Droemersche Verlagsanstalt Th. Knaur Nachf., München 1997 (deutschsprachige Ausgabe),ISBN 3-426-77474-7
  • Carl Sagan:Unser Kosmos – Eine Reise durch das Weltall, Droemersche Verlagsanstalt Th. Knaur Nachf., München 1991 (Neuauflage),ISBN 3-426-04053-0
  • Carl Sagan:Contact, Droemersche Verlagsanstalt Th. Knaur Nachf., München 1986 (däitschsproocheg Éischteditioun),ISBN 3-426-60765-4
  • Carl Sagan:...und werdet sein wie Götter – Das Wunder der menschlichen Intelligenz, Droemersche Verlagsanstalt Th. Knaur Nachf., München 1980,ISBN 3-426-03646-0
  • Carl Sagan / Jonathan Norton Leonard:Die Planeten, Rowohlt Taschenbuch Verlag, Reinbek 1970,ISBN 3-499-18011-1

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Carl Sagan – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Carl_Sagan&oldid=2586356
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp