Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Caligula

Vu Wikipedia
Caligula
GebuertsnummGaius Julius Caesar
Gebuer31. August12jul.
Gestuerwen24. Januar41jul.
DoudesursaachStéchwonn
NationalitéitRéimescht Räich
AktivitéitPolitiker
FonctiounRéimesche Keeser, Senateur, Konsul

DeGaius Caesar Augustus Germanicus, gebuer den31. August12 zuAntium alsGaius Iulius Caesar, a gestuerwen de24. Januar41 zuRoum,postum bekannt alsCaligula, war vu 37 bis 41réimesche Keeser.

Hie war de Jong vumGermanicus an der Agrippina, an duerch seng Mamm den Urenkel vum KeeserAugustus. Wärend senger Jugendzäit goung et héich ier mat den Intrige vum ambiziéisePrätorianerpräfektLucius Aelius Seianus. Säi vollstännegen Titel um Enn vu sengem Liewe warGaius Caesar Augustus Germanicus, Pontifex maximus, Tribunicia potestate IV, Consul IV, Imperator, Pater patriae.

Nom Doud vumTiberius, de16. Mäerz37, gouf de Caligula den 18. Mäerz zum Keeser proklaméiert. Am Ufank war seng Regierungszäit éischter hoffnungsvoll, wann en och perséinlech schwéier Evenementer wéi den Doud vu senger Sëschter, ze verquëssen hat. Dono gouf dem Caligula seng Herrschft ëmmer méi déi vun engemautokratesche Monarch. Hien huet z. B. Dosende vuSenatoren oder héichgestallte Perséinlechkeeten dem Héichverrot ukloen an zum Doud verurteele gelooss. Mat alle Mëttelen huet hie probéiert, de Senat kleng zer halen. Et gëtt Abberzuele vu Skandalgeschichten, déi zanter senger Herrschaft iwwer hie kolportéiert ginn, wéi e seng absolutistesch Muecht missbraucht huet. Him gouf d'Mottooderint, dum metuant ("Solle se mech dach haassen, soulaang se mech fäerten") zougeschriwwen. Dobäi koum en extravaganten a protzege Liewensstil, deen en demonstrativ ausgelieft huet.

Seng Gewaltherrschaft koum op en Enn, wéi hie selwer vun derPrätorianergard, ënnert demCassius Chaerea, ermuert gouf. Dono koum et zu enger reegelrechterDamnatio memoriae, d. h. méiglechst vill, wat un hien erënnere géif, gouf zerstéiert.

Literatur

[änneren |Quelltext änneren]
  • Anthony A. Barrett:Caligula. The Corruption of Power. Batsford, London 1989,ISBN 0-7134-5487-3.
  • Arther Ferrill:Caligula, Emperor of Rome. Thames & Hudson, London 1991,ISBN 0-500-25112-6.
  • Theodor Kissel:Kaiser zwischen Genie und Wahn. Caligula, Nero und Elagabal. Artemis & Winkler, Düsseldorf 2006,ISBN 3-538-07233-7.
  • Sam Wilkinson:Caligula. Routledge, London/New York 2005,ISBN 0-415-34121-3 (SerieLancaster pamphlets in ancient history).
  • Aloys Winterling:Caligula. Eine Biografie. Beck, München 2003,ISBN 3-406-50206-7; C. H. Beck, München 2012,ISBN 978-3-406-63233-4 (korrigéiert Neieditioun).

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Caligula – Biller, Videoen oder Audiodateien
Autoritéitskontroll
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Caligula&oldid=2580565
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp