Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

CFL 56

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
CFL 56
(DR-Baurei 52)
Eng Lokomotiv vun derselwechter Baurei am Eisebunnsmusée zu Noerdlingen
ConstructeurA.M. Tubize
Cockerill
EMG Grafenstaden
BedreiwerCFL
Baujoer1946
Benotzt a(n)Lëtzebuerg
Numeréierung5601 - 5620
Stéckzuel20
Technesch Detailer
Ass en(g)Damplokomotiv mat Schleeftender
Bauaart1 E h2 + 2'2' T30
SpuerbreetNormalspuer
Zylinder2
Längt iwwer Puffer22.955 mm
Maximal Dauerleeschtung1.192 kW

D'CFL 56 waren 20Damplokomotive aus der DR-Baurei 52 déi vum Februar 1946[1] bis zum Mee 1961 haaptsächlech op derNordstreck am Asaz waren.[2]

D'Lokomotive koumen aus engem Lous vun 200 Maschinnen déi d'Deutsche Reichsbahn nach wärend demKrich zu jee fofzeg Stéck bei véier Atelieren an der Belsch bestallt hat an zwar beiA.M. Tubize,Cockerill,Forges Usines et Fonderies Haine-Saint-Pierre aSociété franco-belge. D'Belsch hunn natierlech deemools ferm geträntelt soudatt bis uganks 1945 wéi d'Wehrmacht aus der Belsch verdriwwe war nach keng eenzeg Lokomotiv ausgeliwwert war. D'SNCB huet dunn aus de Maschinnendeeler, déi scho fäerdeg waren, 100 Maschinne baue gelooss (SNCB-Serie 26), vun deene se dem CFL zéng Stéck ofgetrueden huet (CFL-N° 5601-5610). Se hunn déi Zäit 2,75 MilliouneFrang kascht. Déi aner zéng goufe bei derEMG Grafenstaden amElsass bestallt. Aus Reschter déi nom Krich nach zur Verfügung stoungen huet d'EMG 17 Lokomotive fir d'SNCF gebaut (SNCF-Serie 150Y) an déi zéng fir Lëtzebuerg.

D'Lokomotive koumen direkt no der Ausliwwerung an d'Depote vunËlwen a vuLëtzebuerg.


CFL-Damplokomotiven
CFL-Diesel an elektresch Lokomotiven
CFL-Autorailen
an -Automotricen
CFL-Voituren
SNCB
SNCF
DB
Kuckt och

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Ausgeliwwert tëscht dem 19.02.1946 a 15.06.19646
  2. Eisenbahnen in Luxemburg, Ed Federmeyer, Eisenbahn-Kurier, 1984
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=CFL_56&oldid=2509016
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp