Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

CFL 4000

Vu Wikipedia
Serie CFL 4000
Nummeréierung:4001-4020
Stéckzuel:20
Constructeur:Bombardier
Baujoren:2004-2005
Ausmusterung:Nach a Betrib
Achsformel:Bo'Bo'
Déngschtmass:84 Tonnen
Längt iwwer Puffer:18900 mm
Héicht ouniPantograph:3.845 mm
Maximal Achselaascht21 Tonnen
Héchstvitess:140 km/h
Stroumsystemer:25kV 50Hz Wiesselstroum
15kV 16,7Hz Wiesselstroum
Leeschtung:5600 kW
ZuchsécherungssystemerMemor II+
PZB 90
KVB (net am Asaz)
ETCS
Kraaft beim Ufueren300 kN
Bremskraaft:150 kN
BremsenScheiwebremsen
DrockloftsystemUelegfräi Kolwekompressere
VV270-T vu Knorr[1]

D'CFL-Lokomotiven aus derSerie 4000 sinn Elektrolocken, déi bei derlëtzebuergescherEisebunnsgesellschaftCFL ënner den Nummere 4001 - 4020 immatrikuléiert sinn.

Déi Lokomotive ginn zu Lëtzebuerg haaptsächlech am Gidderverkéier gebraucht, a kënnen zesumme mat de Voiturë vum TypDosto am Persouneverkéier agesat ze ginn.

Et si Lokomotiven aus der GammeTRAXX déi vun der FirmaBombardier Transportation ënner der Typpebezeechnung TRAXX P140 AC1 gebaut goufen. D'Maschinne goufen nom Modell BR185.1 vun derDB AG mat e puer Adaptatioune vum Modell BR 146 gebaut, an tëscht September 2004 a Mäerz 2005 a Betrib geholl.

Am Januar 2025 huet d'CFL matgedeelt dass, Ausschreiwunge fir eng 24 nei Gefierer am Gaang wieren, déi 2030-2032 d'4000er Serie ersetze sollen.[2]

Allgemenges

[änneren |Quelltext änneren]
  • D'Maschinnen däerfen um däitsche Reseau fräi zirkuléieren an hunn eng Autorisatioun fir den Trafic bis op déi belsch Garë vuGouvy,Attem aVirton. Fir de franséische Reseau si se, genee wéi d'CFL-Dostoen ni homologéiert ginn. Eenzeg Ausnam ass d'Gare Wuelmereng déi geographesch a Frankräich läit, mä als assimiléiert Gare zum Lëtzebuerger Streckennetz zielt.
  • D'Maschinnen hunn eng speziell Noverkéierssoftware, déi et erméiglecht méi séier unzefueren a Vitess opzehuelen. Dat ass virun allem wichteg fir den Asaz op Regionalbunnen déi vill Garen ufueren.

Asaz

[änneren |Quelltext änneren]

Bestand

[änneren |Quelltext änneren]

D'Iddi d'Säite vu Lokomotive fir Reklamm ze benotze kënnt aus Däitschland. D'CFL 4000 eegene sech besonnesch, well op de Säite vill fräi, a virun allem glat Fläch ass.

All d'Reklamme goufen an den Atelieren zuPéiteng gemaach a si gréisstendeels haut nach un de Maschinnen drun.

Verschidde Maschinne kruten ni eng Reklamm, well se haaptsächlech fir d'CFL Cargo gefuer sinn.

NummerReklamm (Joer vun der Realisatioun)BemierkungFoto
40012005: EU Presidence a Lëtzebuerger Wort, La Voix
2010: Biodiversitéit ass Liewen
40022005:EU Presidence aLëtzebuerger Wort, La Voix
2011:UNICEF Global Parents
40032005: EU Presidence a "Mobile Attitude"
2007:Kulturjoer;
2008: Blues Express
2011: Loscht op Ettelbréck
40042005: EU Presidence a "Mobile Attitude"
2011: Blues Express
40052005: EU Presidence a "Mobile Attitude"
40062005: EU Presidence, "Tarif Escapade Belgique" an Top zum Job
2008:Top zum Job! Schweich > Trier > Luxemburg
2011: Croix-rouge luxembourgeoise 'Donnez pour agir'
40072005: EU Presidence a "Mobile Attitude"
2007: Stärenzuch '07 a "Festival des Jardins"
2011: Biking in Luxembourg www.bikingtours.lu
2015:Eppur si muove (eng Ausstellung amMudam)
40082005: EU Presidence
2008:DirActors-Festival
40092008: Ëmweltfrëndlech ënnerwee (Cegedel)
40102008: Klimaschutz: Et läit an denger Hand.
2009:Lorraine TGV
2012:Musée Dräi Eechelen www.m3e.lu
40112006:Spuerkeess
2007: Original Zoustand
2013: CFL Cargo
gedeeft op den NummEttelbréck
gouf 2008 bei engem Feier uerg beschiedegt
40122013: CFL Cargogouf de 4. Mee 2016 op derBarriär zuManternach bei engem Zesummestouss mat engem Baugefier beschiedegt[3] an ass mëttlerweil erëm reparéiert.
40132007: Kulturjoer
2008: Ëmweltfrëndlech ënnerwee
40142009: Fotosconcours 2009
2010: CFL Personal Reklamm
4015
40162008: Ëmweltfrëndlech ënnerwee
2012:Musée Dräi Eechelen www.m3e.lu
Accidentéiert den 29.Juni 2010 zuLëntgen
40172008: Ëmweltfrëndlech ënnerwee
2011:A vous de chanter
2013: GAR
40182005: "Mobile Attitude"
2009: 30 JoerUNICEF Lëtzebuerg
gedeeft op den NummWolz
40192008: "eGO Kaart"
2013: 5519
40202005:Télévie
2006: 50 Joer Elektrifizéierung bei der CFL
2010: CFL Personal Reklamm
2013: 100 Joer Gare Lëtzebuerg
2017: Un train peut cacher deux rotondes

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: CFL 4000 – Biller, Videoen oder Audiodateien
CFL-Damplokomotiven
CFL-Diesel an elektresch Lokomotiven
CFL-Autorailen
an -Automotricen
CFL-Voituren
SNCB
SNCF
DB
Kuckt och

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Knorr Kompresseren op TRAXX
  2. Glenn Schwaller:"CFL will über 20 neue Züge kaufen." wort.lu, 05.01.2025.
  3. Zug gegen Baumaschine - Strecke blockiert op wort.lu vum 4. Mee 2016
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=CFL_4000&oldid=2585592
Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp