CFL 3600 | ||
---|---|---|
![]() | ||
Nummeréierung: | 3601-3620 | |
Stéckzuel: | 20 | |
Constructeur: | MTE | |
Baujoer: | 1958 - 1960 | |
Ausmusterung: | Mäerz 2005 | |
Achsformel: | Bo'Bo' | |
Déngschtmass: | 84 Tonnen | |
Längt iwwer Puffer: | 18.650 mm | |
Maximal Achselaascht | 21 Tonnen | |
Héchstvitesse: | 120 km/h | |
Stroumsystemer: | 25 kV Wiesselstroum | |
Leeschtung: | 2.650 kW |
D'CFL 3600 sinn eng Serie vun elektresche Lokomotiven déi tëscht1958 an2005 beimCFL am Asaz waren. Si si baugläich mat derBB 12000 vun derSNCF. D'Spëtznimm vun där Serie si "Streckeisen" oder d'"Lëtzebuerger Krokodil".
Vun1956 u goufen d'Eisebunnsstrecke fir an d'Industriestied vum Minett, mat Hëllef vu franséischem Kapital, elektrifizéiert an d'CFL hu sech op d'Sich no Material gemaach fir op deene Strecken ze fueren.WellFrankräich als eenzegt Land an deem Ament de selwechte System hat, a fir sech wéinst der Hëllef bei der Elektrifizéierung ze revanchéieren, goufe bei der FirmaMTE 20 Lokomotive fir 25KV 50 HzWiesselstroum bestallt. Well et e ganz laangen Delai gouf, gouf sech mat derSNCF zesummegedoen an et gouf 3 Maschinnen aus der Serie 12000 als Géigeleeschtung fir d'Hëllef bei derMuselkanaliséierung un d'CFL geliwwert. Dat waren d'3601-3603. Déi reschtlech 17 Maschinne goufe regulär bei MTE kaaft.
Bei der Liwwerung waren d'Maschinne Standardblo lackéiert, no enger Testphase an där se "Toledogro" waren, si se an den 1960er Jore du bordeaux a giel lackéiert ginn.
D'3600er si souwuel am Giddertransport, wéi och am Persouneverkéier agesat ginn. Am Asaz mat deWegmann-Voiturë hu se iwwer vill Joren d'Bild vum Regionaltrafic zu Lëtzebuerg markéiert. Am internationale Persounentrafic si se bis opParäis gefuer.
2 Maschinne vun der Serie sinn am Laf vun de Joren accidentéiert. D'3615 ass 1970 tëschtBelval aBieles accidentéiert an d'3614 ass 1997 umHouwald beimAccident op der Zwickau mat engem Persounenzuch kollidéiert.
Dee leschten offiziellen Asaz am Betrib mat enger 3600er war de 15. Mäerz 2005. Den 28. Mäerz 2005 war nach eng speziell Abschidsfaart tëschtËlwen an derStad.
Haut gëtt et nëmmen nach 2 Maschinnen. D'3602 steet am EisebunnsmuséeBahnpark Augsburg an Däitschland. D'3608 gouf tëscht 2005 an 2013 vu Fräiwëllege vun der1604 classics asbl komplett restauréiert an huet als technesch Ierfschaft beimInstitut national pour le patrimoine architectural eng nei Heemecht fonnt. Den 12. an 13. Oktober 2013 gouf se fir d'éischt an der Gare Lëtzebuerg der Ëffentlechkeet virgestallt.
Commons: CFL 3600 – Biller, Videoen oder Audiodateien |