Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Budapest

Vu Wikipedia
DëseGeographiesartikel iwwerUngarn ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Budapest
LandUngarn
VewaltungseenheetUngarn
BuergermeeschterGergely Karácsony
Awunner1.685.209
 1. Januar 2025
Fläch525,14km²
Héicht117m
Koordinaten47°29'54"N, 19°2'27"O
Telefonszon1
Postcode1011–1239
Websäithttps://budapest.hu/
D'Parlament um Uwänner vun der Donau
De Buergpalast a vir am Bild, d'Donau
D'Maarthal

Budapest ass d'Haaptstad vunUngarn an huet1.685.209 Awunner(Stand 1. Januar 2025)[1].

Geographie

[änneren |Quelltext änneren]

D'Stad Budapest ass an zwee gedeelt a gëtt duerch d'Donau getrennt. Zwéin Drëttel vun der ganzer Fläch vun der Stad leien op der Pester Säit vun derDonau, een Drëttel op der Budaer Säit.

Budapest ass verwaltungstechnesch an 23 Bezierker agedeelt.

Geschicht

[änneren |Quelltext änneren]

D'Geschicht vu Budapest, am Mëttelpunkt vun Ungarn, ëmfaasst ongeféier 700 Joer. Als éischten Herrscher huet deBéla IV. um Ufank vum13. Joerhonnert ePalais um Budaer Buergbierg baue gelooss.

1867 am Ufank vun der Epoch vun der keeserlecher a kinneklecher éisträich-ungarescher Duebelmonarchie hunn zu Budapest knapps 300.000 Leit gelieft, déi meescht dovun op der Pester Säit. D'Stad ass lues a lues eng europäesch Metropol ginn.

Um Enn vumÉischte Weltkrich war d'Duebelmonarchie zerfall an d'Ekonomie zerstéiert.

1873 goufen déi dräi Staddeeler Buda, Pest an Óbuda zu enger eenzeger Stad zesummegedoen a bis zum19./20. Joerhonnert huet d'Awunnerzuel sech verduebelt.

Ekonomie an Infrastrukturen

[änneren |Quelltext änneren]

Demographie

[änneren |Quelltext änneren]

Kultur

[änneren |Quelltext änneren]

Kuckeswäertes

[änneren |Quelltext änneren]
  • AmBuergpalais, deen am Buergquartier läit, fënnt ee wichteg Muséeën.
  • Am imposante Gebai vun derZentraler Maarthal kritt ee vum alldeegleche Geméis bis zum exotesche Gewierz alles ze kafen.
  • AmParlament kann een d'Helleg Kroun a Kréinungsinsigne kucke goen.
  • D'Schlass Gödöllö ass dat zweetgréisst Barockschlass vun der Welt.
  • AmUngaresche Nationalmusée fënnt een alles iwwer d'ungaresch Geschicht vun der Besiidlung duerch d'Ungare bis zur Neizäit.
  • D'Synagoge an der Dohány Strooss ass déi gréisst an Europa.
  • Vun der Kuppel vun derSt. Stephans Basilika, der gréisster Kierch vu Budapest, huet een e schéine Panorama.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Budapest – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Budapest&oldid=2656100
Kategorie:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp