Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Bruges

Vu Wikipedia
DëseGeographiesartikel iwwer d'Belsch ass eréischt engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Bruges
Brugge
Land:Belsch
Regioun:Flandern
Communautéit:Flämeschproocheg Communautéit
Provënz:Westflandern
Arrondissement:Bruges
Fläch:138,40 km²
Awunner:118 1871. Januar2006
Bevëlkerungsdicht:847/km²
Koordinaten:51° 12’ 00’’ N
      03° 13’ 00’’ O

Bruges (nl:Brugge) ass engbelsch Stad an derProvënz Westflandern. Si huet eppes iwwer 118.000 Awunner. Hire Stadkär gouf am Joer 2000 vun derUNESCO op d'Lëscht vun deWeltierwe gesat.

Geographie a Lag

[änneren |Quelltext änneren]
Quartiere vun der Gemeng Bruges

Bruges läit eng ronn 11 Kilometer vun derNordséi ewech, an huet en direkten Zougank op d'Mier iwwer deBoudewijnkanaal.

Quartiere vun der Gemeng

[änneren |Quelltext änneren]

Geschicht

[änneren |Quelltext änneren]
Maartplaz
(Rozenhoedkaai)
Maartplaz mat senge Restauranten
Belfort
(Concertgebouw)
Gracht

Bruges gouf am9. Joerhonnert vumBaudouin I., engemVassal vumCharles de Plakkapp, als befestegt Siidlung ageriicht, fir sech géint d'Invasioun vun deWikinger kënnen ze wieren.

Am Ufank vum10. Joerhonnert hu sech am Norden an am Süde Geschäfter etabléiert, a vun960 un gouf och reegelméisseg e Maart ofgehalen.

Vun1127 un hat d'Stad engCharta an eSchäffegeriicht. Déi éischtRankmauere waren och gebaut. Well d'Stad sech séier vergréissert huet, hu missen am13. Joerhonnert nees neiMauere ronderëm gebaut ginn.

Bruges war iwwer e Mieresaarm, dee bei enger Sprangflut entstane war, bei där d'Mëndung vum derReie vergréissert gouf, mat derNordséi verbonnen.

Am Ufank vum13. Joerhonnert war de groussen Duerchbroch, den Handel an d'Industrie, haaptsächlech d'Duchindustrie, stoungen an der grousser Bléi, an um Héichpunkt vu sengem Opschwonk hat Bruges déizäit ëm 40.000 Awunner. D'Muecht blouf awer an den Hänn vun de Geschäftsleit, déi op der anerer Säit d'Handwierker géint sech haten, déi net sou räich waren, awer vum Grof ënnerstëtzt goufen.

Obwuel d'Grofschaft Flandern rechtlech gesinn e franséischeFief war, war de Grof, ë. a. aus wirtschaftlechen Intressen, ëmmer nees a Streidereie matFrankräich verwéckelt. Doduerch sinn zwou grouss Parteien entstanen: d'Patrizier, d. h. de räichen Händlermilieu, déi zum Kinnek vu Frankräich gehalen hunn, an d'Handwierker, déi sech ëm de Grof vu Flandern versammelt hunn.

An deem Moment wou d'Stad wirtschaftlech, besonnesch wéinst dem Handel matEngland, um Sommet war, huet de Kinnek vu FrankräichPhilippe IV le Bel Flandern besat an de Grof, dee seng Flicht als Vasall net respektéiert hat, gefaange geholl.

Mä d'Vollek huet sech revoltéiert, an1302 goufen d'Patrizier massakréiert. DeeMassaker ass ënner dem NummMatines brugeoises an d'Geschicht agaangen. D'Fransouse goufen dunn nach zuCourtrai an derBataille des Éperons d'Or geklappt. Domat war d'Oligarchie vun den Händler zu Bruges gebrach, an d'Gilden an d'Korporatioune konnten am Kader vum Stadrot an der Stad matbestëmmen.

D'14. Joerhonnert war fir Bruges e gëllent Joerhonnert. Do gouf Woll aus England no allen Noute stockéiert, allHansestad hat e Sëtz zu Bruges, an net manner wéi 17 Natiounen haten do eng Handelsvertriedung.

An deem Joerhonnert hunn d'Herzoge vu Burgund, déi duerch e Bestietnes d'Grofschafte vu Flandern a vumArtois kritt haten, keng Méi gescheit, fir Bruges op Topniveau ze bréngen. Si hu grouss Fester an Turnéieren organiséiert, bei deenen alles wat Rang an Numm an Europa hat, vertruede war.

Um Enn vum 14. Joerhonnert ass et mat Bruges lues a lues biergof gaangen. DeZwin, dee Bruges bis dohi mat derNordséi verbonnen hat, ass lues a lues versant, d'Schëffer konnten net méi bis op Bruges kommen, anAntwerpen huet sech als haarde Konkurrent bemierkbar gemaach.

Wéi du schliisslech no de Burgunder, d'Habsburger den Ensembel vun denNidderlanden (nl.Lage Landen) iwwerholl hunn, huet deMaximilian vun Éisträich, sou gutt wéi d'Doudesuerteel iwwer Bruges gesprach, andeems en den Händler ordonéiert huet, sech zu Antwerpen nidderzeloossen.

Wéi den Zwin definitiv1604 zougemaach gouf, ass vu Bruges net méi vill rieds gaangen, bis1892 mam RomanBruges la Morte vumGeorges Rodenbach, Bruges praktesch erëm nei entdeckt gouf, a sech zu enger Touristestad entwéckelt huet (Venedeg vum Norden), déi haut op deem Gebitt eng vun de bekanntste vun der Welt ass.

Hafen

[änneren |Quelltext änneren]

Zeebruges (Hafe Bruges-Zeebruges)

Schoulen a Bildung

[änneren |Quelltext änneren]

Kuckeswäertes

[änneren |Quelltext änneren]

D'Stadhaus

[änneren |Quelltext änneren]

Op der Buergplaz, steet ënner anerem d'Stadhaus dat tëscht1376 a1420 am gothesche Stil gebaut gouf. Am gothesche Sall gëtt et historesch Molereien ze kucken an en dekoréierten hëlzePlaffong. Am Geschichtssall ass eng Kollektioun vun Objeten, Dokumenter an Tableauen ze gesinn déi vun der Vergaangenheet vu Bruges erzielen.

D'Stadschreiwerei

[änneren |Quelltext änneren]

Lénks vum Stadhaus ass déi al Stadschreiwerei déi am Renaissancestil tëscht1534 a1537 gebaut gouf. Do ass deMusée provincial du Franc de Bruges dran. Eng Schminni mat engerAlabasterfris erzielt aus dem Liewe vum Charel de V.

D'Basilika zum hellege Blutt

[änneren |Quelltext änneren]

D'Vogtei

[änneren |Quelltext änneren]

De Musée Gruuthuse

[änneren |Quelltext änneren]

D'Kierch Notre-Dame

[änneren |Quelltext änneren]

D'KlouschterBéguinage de la Vigne

[änneren |Quelltext änneren]

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Bruges – Biller, Videoen oder Audiodateien
Stied a Gemengen an derProvënz Westflandern
Stied
Gemengen
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Bruges&oldid=2510691
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp