Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Broschtbeen

Vu Wikipedia
D'Broschtbeen beim Mënsch (rout).

D'Broschtbeen ass eng plattSchank amKierper vun deWierbeldéieren. Beim Mënsch läit si an der viischter Mëtt vumBroschtkuerf. D'Rëpper, respektiv deenen hir Verlängerungen ausKnorpel, setzen un hir un.

De medezinesche Fachbegrëff assSternum. Dee Begrëff ass déi latiniséiert Versioun vumAlgriichesche nστέρνον ("sternon"), datBroscht bedeit.

De Mënsch huet ee Broschtbeen, dat d'Form vun engemSchwäert huet. Beim Mënsch a bei den Déiere besteet et aus dräi Deeler:[1],[2]

  • demmanubrium sterni: beim Mënsch den ieweschten Deel
  • demcorpus sterni: beim Mënsch den mëttelsten Deel
  • demprocessus xiphoideus: beim Mënsch den ënneschte Wutz

Déi dräi Partie sinn iwwer Knorpelbrécke matenee verbonnen:symphysis manubriosternalis asymphysis xiphosternalis.

Vill Wierbeldéieren hunn e puer Broschtbeen, déi och eng aner Form hu wéi beim Mënsch.[3]

Commons: Broschtbeen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. DocCheck Flexikon:Sternum
  2. Université Lyon 1:Le sternum (Anatomie 3D)
  3. DocCheck Flexikon:Brustbein (Veterinärmedizin)
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Broschtbeen&oldid=2484109
Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp