Boxen ass engKampfsportaart bei där sech zwéi Géigner no festgeluechte Reegele géigesäiteg bekämpfen. D'Zil vum Boxkampf ass et, fir de Géigner mat méiglechst vill Schléi ze treffen, oder hie mat engemKnockout (k.o.) z'eliminéieren. D'Kämpfer si fir gewéinlech mat gepolstertenHändschen ausstafféiert a se mussen aus derselwechterGewiichtsklass stamen.
Et gëtt grondsätzlech tëscht Amateur- a Profiboxen ënnerscheet. D'Amateurboxen ass alsOlympesch Sportaart bei denOlympesche Spiller an och bei deCommonwealth Games vertrueden an huet eng eege Weltmeeschterschaft. Professionell Boxkämpf gi vu kommerzielle Boxverbänn organiséiert. Zanter 2016 däerfe professionell Boxer och bei den Olympesche Spiller matmaachen.
Iwwerdeems et Kompetitioune Mann géint Mann warscheinlech schonn zënter dem Ufank vun der Mënschheetsgeschicht gëtt, kënnen d'Ufäng vum Fauschtkampf als organiséierte Sport bis bei d'Olympesch Spiller vun de Griichen am Joer688 v. Chr. zeréckverfollegt ginn. Dat modernt Boxen huet sech aus de reegelméissege Präiskämpf, déi am17. an18. Joerhonnert anEngland organiséiert goufen, entwéckelt. An der Mëtt vum19. Joerhonnert sinn d'Haaptreegele vum moderne Boxsport, déi sougenanntQueensberry-Reegele, festgeluecht ginn. Absënns d'Händsche goufen dunn obligatoresch.
Geboxt gëtt am sougenannte Boxréng (oder einfach Réng), engerquadratescher Fläch mat enger Säitelängt tëscht 4,9 a 7,3 Meter. Déi Fläch ass op all Säit mat Seeler delimitéiert déi tëscht de véier Ecker gespaant sinn. Um Buedem vum Réng läit eng elastesch Baatsch an dat Ganzt steet op enger Zort Podest, e bësse méi héich wéi de Buedem vun der Hal.
De Begrëff Réng (vumengleschering), deen zënter dem14. Joerhonnert nogewisen ass, kënnt vun de Spectateuren déi an engem Krees oder Rank ronderëm d'Boxer stoungen.
E Boxkampf ass ënnert der Opsiicht vun engemRéngriichter a geet iwwer e puer Ronnen, déi bis zu dräi Minutten daueren. De Kampf ass fäerdeg, wann de Réngriichter entscheet, datt ee vun de Kontrahenten net méi fäeg ass de Kampf weiderzeféieren, wann et e seriöe Reegelverstouss gouf, ee vun deenen Zwéin opgëtt oder wann et no der regulärer Zuel vu Ronnen zu enger Entscheedung duerch Punkte kënnt.
D'Boxe gouf et fir d'éischt bei denOlympesche Spiller 1904 zu St Louis an zënterhier bei alle Spiller, ausser1912 zu Stockholm, well de Sport deemools aSchwede verbuede war. Fir d'Fraen ass d'Olympescht Boxe mat dräi Gewiichtsklassen2012 zu London agefouert ginn.
Bei den Häre gëtt et siwe Gewiichtsklassen (eng manner wéi 2020 zu Tokio) a bei den Damme gëtt et der sechs (eng weider wéi virdrun). D'Kämpf gi vun Ufank un nom k.o.-Prinzip ausgedroen an et gëtt kee Stieche fir d'drëtt Plaz.
An der Virronn sinn d'Kompetitiounen amParc des expositions de Paris-Nord Villepinte, iwwerdeems déi aner amStade Roland Garros sinn.
Zu Lëtzebuerg si siwe Boxclibb am nationale Boxverband federéiert.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel:Fédération luxembourgeoise de boxe.