Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Bodensee

Vu Wikipedia
DëseGeographiesartikel iwwerDäitschland ass eréischt engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Bodensee
LandSchwäiz,
Däitschland,
Éisträich
VerwaltungseenheetVorarlberg
Länner um UwännerDäitschland,Schwäiz,Éisträich
Fläch536 km²
Héicht. i. M.395,23 m
Koordinaten47°39'0"N, 9°19'0"O
BasengRhäinbaseng
ZouflossRhäin, Schussen, Argen, Rotach, Lipbach
Mainau
Bodensee a Lindauinsel

Bodensee ginn zwéi Séie genannt, duerch déi deRhäin vun Osten no Weste leeft: DenObersee (meeschtens einfachBodensee genannt), an dee méi klengenUntersee, déi duerch e 4 km laange Laf vum Rhäin,Seerhein genannt, matenee verbonne sinn. De nordwestleche Wupp gëtt Überlinger See genannt. De Bodensee läit amBodenseebaseng, deen Deel vum nërdlechenAlpenvorland ass.

De Bodensee läit op der Grenz vun dräi Staaten:Däitschland (mat de BundeslännerBaden-Württemberg aBayern),Éisträich (BundeslandVorarlberg) an derSchwäiz (mat de KantonenThurgau,St. Gallen aSchaffhausen). Säin Uwänner huet eng Längt vun enger 273 km; dovun 173 an Däitschland, 72 an der Schwäiz an 28 an Éisträich.

Numm

[änneren |Quelltext änneren]

An derRéimerzäit gouf de Bodensee eng éischt Kéier vum GeographPomponius Mela am Joer alsLacus Venetus, respektivLacus Acronius (denUntersee) ernimmt. DePlinius den Eeleren huet en ëm 75 n. Chr. alsLacus Raetiae Brigantinus, no der UertschaftBrigantium (Bregenz) genannt.

Den haitegen Numm "Bodensee" kënnt vum UertschaftsnummBodman hier, opalhoudäitschBodamon, dat zu derFrankenzäit eng Kinnekspfalz a Sëtz vun engem Herzogtum war. A romanesche Sproochen, an och am Engleschen, gëtt en no der StadKonstanz genannt (Lac de Constance, Lake Contance,...)

Inselen

[änneren |Quelltext änneren]

Am Bodensee leien 10Inselen déi méi grouss wéi 2000 m² sinn. Déi dräi gréisst siReichenau umUntersee (wou d'Klouschter Reichenau drop steet),Lindau ganz am Oste vumObersee, aMainau am Südoste vumÜberlinger See.

Stied

[änneren |Quelltext änneren]

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]


Nieweflëss vum Bodensee

Aach |Argen |Bregenzer Ache |Dornbirner Ache |Leiblach |Linzer Aach |Radolfzeller Aach |Rotach |Schussen |Steinach

Kuckt och:Bodensee |Rhäin |Flëss an Däitschland


Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Bodensee – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Bodensee&oldid=2522182
Kategorie:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp