Bobby Charles | |
---|---|
Gebuertsnumm | Robert Charles Guidry |
Gebuer | 21. Februar1938 |
Gestuerwen | 14. Januar2010 |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Liddermécher,Komponist,Sänger |
![]() |
DeBobby Charles, mam richtegen NummRobert Charles Guidry, gebuer den21. Februar1938 zuAbbeville (Louisiana), a gestuerwen de14. Januar2010, war enUS-amerikanescheSinger-Songwriter.
De Bobby Charles ass a Louisiana opgewuess, wou en a Kontakt mat derCajunmusek koum. Méi spéit huet hie sech méi a RichtungBlues aRockmusek orientéiert. Als jonke Mann huet hien d'LiddSee You Later Alligator geschriwwen, dat 1956 an der Interpretatioun vumBill Haley and His Comets en Hit an de Vereenegte Staate gouf. 1960 huet deFats Domino eng Coverversioun vu sengem StéckWalking to New Orleans erausbruecht.
1993 huet dem Bobby Charles seng KompositiounIt keeps raining (Tears from my eyes), interpretéiert vum Bitty McLean, déi éischt Plaz an den amerikaneschen Top-40 beluecht. Den Charles hat se schonn an den 1950er Jore mam Fats Domino zesumme geschriwwen.
Bekannt Albe vum Charles/Guidry sinn ë. a.Wish You Were Here Right Now (1995),Secrets of the Heart (1998) anHomemade Songs (2008).