EBloe Ris ass eStär, deen eng Ausdeenung vergläichbar mat engemRoude Ris, allerdéngs mat 10-50 Sonnemassen eng däitlech méi héichMass huet.
Wärend e Roude Ris seng Gréisst eréischt um Ennstadium vu senger 'normaler' Stärenentwécklung kritt, sou ass d'Zouhuele vun der Gréisst bei engem Bloe Ris net sou dramatesch. Déi héich Mass féiert zu enger héijer Dicht vun derMatière am Stärkär, déi eng héich Reaktiounsrat am Stärebrenne mat sech zitt. Déi doraus resultéierend Energiefräisetzung bewierkt engUewerflächentemperatur, déi mat 20.000-30.000 K däitlech iwwer där vun eiserSonn läit. Duerch déi héich Temperatur läit denEmissiounsmaximum (no demWiensche Gesetz fir eSchwaarze Kierper) amultravioletten Deel vumLiichtspektrum, wat e bloe Faarfandrock vun dësem Stär an sou hiren Numm ausmécht.
Am Géigesaz zu ville massenaarme Stären, déi eng Liewensdauer vu ville Milliarde Joer hunn (z. B. eisSonn zirka 10 Milliarden), duerchlafe Blo Risen hir Waasserstoffbrennphas wéinst der héijer Reaktiounsrat an nëmmen e puer zéch Millioune Joer. Duerno blose si sech zu engemRouden Iwwerris op an enden an enger Typ-IISupernova.