DëseGeographiesartikel iwwerIsrael ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Haifa vum Mount Carmel aus gesiVun Haifa aus féieren Terrassegäert zum Baha'i-Tempel
DeCarmel (hebr. כרמל, ofgeleet vu „kerem el“, de „Wéngert vum Herrgott“; arab. جبل الكرمل Dschabal al-Karmal) ass eng Biergketten, déi anIsrael an der direkter Noperschaft vun der HafestadHaifa läit. Dës Ketten, parallel zumMëttelmier, ass 23 km laang, aacht bis zéng km breet a bis zu 546 m héich. Opgrond vun de villen Nidderschléi ass dës hiwweleg Landschaft séier fruchtbar a gouf och als Nationalpark klasséiert.Am iwwerdroene Sënn gëtt dat WuertCarmel oderKarmel och gebraucht, fir deen no dësem Bierg genannte reliéisenUerde vun deKarmeliten a Karmelitinnen ze bezeechnen. Um Fouss vum sougenanntenMount Carmel läit d'Stad Haifa. UmMount Carmel selwer ass an engem grousse schéine Park den internationalen Center vun der ReliounsgemeinschaftBaha'i an och hiren Tempel mam Schräin vun hirem Grënner, demBab.