Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Bibliothèque nationale de France

Vu Wikipedia
De Logo vun der franséischer Nationalbibliothéik.
De Site "François-Mitterrand" zu Paräis, deen 1995 ageweit gouf.
De Liesraum um Site "Richelieu" vun der BnF.

D'Bibliothèque nationale de France (BnF) ass d'Nationalbibliothéik vuFrankräich.

Si dréit hiren aktuellen Numm zënter 1994, mee existéiert an ënnerschiddleche Forme schonn zënter demMëttelalter. D'BnF huet ee vun de räichste Bestänn op der Welt.

Missioun an Aarbecht

[änneren |Quelltext änneren]

D'Missioun vun der franséischer Nationalbibliothéik ass d'Sammelen, d'Archivéieren an den Ënnerhalt (Conservatioun, Restauratioun) vun allem, wat a Frankräich verëffentlecht oder publizéiert gëtt, awer och vun de fréieren an neie Sammlungen. D'BnF bedreift och selwer Fuerschung a Wëssensverbreedung, besonnesch andeem si reegelméisseg Ausstellunge fir de breede Public an aner kulturell Evenementer, Konferenzen, Colloquen aConcerte organiséiert.

Si ënnerhält e Kooperatiounsnetzwierk mat aneren Dokumentatiounsdéngschter a Frankräich a kooperéiert och international op ënnerschiddlech Aart a Weis mat aneren Institutioun an deem Beräich.

D'BnF krut schonn 1537 als éischt Institutioun den Optrag fir denDépôt légal. Haut ass si déi gréisst Bibliothéik am Land an eng vun de gréissten op der Welt. All d'Kollektiounen zesumme representéieren ongeféier 150 Milliounen Dokumenter. Si huet de Statut vun enger ëffentlecher Ariichtung mat Verwaltungscharakter[1]. Hir Aktivitéite verdeele sech op siwe Standuerter, vun deenen de wichtegsten de Site "François-Mitterrand" ass, um lénksen Ufer vun derSeine am13. Arrondissement vu Paräis. Den historesche Site aus dem17. Joerhonnert, deen haut e ganze Block anhëlt, läit am2. Arrondissement.

All Joer kritt déi franséisch Nationalbibliothéik iwwer 70.000Bicher, iwwer 250.000Zäitschrëften an dausende spezialiséierten Dokumenter am Dépôt légal dobäi, awer si keeft och selwer an a kritt Spenden. Den online Dépôt légal huet bal eePetabyte (Po) un Date geséchert. E groussen Deel vun de Referenzen ass online iwwer de Gesamtkatalog vun der BnF an hir Spezialkataloge consultabel. D'BNF ass och fir hir digital BibliothéikGallica bekannt, déi en direkten Zougrëff op d'Reproduktioun vu méi wéi 7,6 Milliounen Dokumenter an Text-, Bild- oder Tounformat erméiglecht. Um Site "François-Mitterrand" befënnt sech donieft d'Inathèque, déi fir den Dépôt légal vum Radio an der Televisioun responsabel ass.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Bibliothèque nationale de France – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Établissement public à caractère administratif
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Bibliothèque_nationale_de_France&oldid=2608932
Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp