Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Benjamin Franklin

Vu Wikipedia
Benjamin Franklin
PseudonymSilence Dogood, Poor Richard, Richard Saunders
Gebuer17. Januar1706
Boston
Gestuerwen17. Abrëll1790
Philadelphia
NationalitéitBritish America,USA
AktivitéitPolitiker, Diplomat, Polymath,Schrëftsteller
Parteikeng
Member vunRoyal Society, American Philosophical Society, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Académie des sciences,American Academy of Arts and Sciences, Société d'agriculture de Paris, Accademia Nazionale delle Scienze, Accademia delle Scienze di Torino,Fräimaurerei
GielercherCopley Medail
Famill
KannerSarah Franklin Bache

DeBenjamin Franklin, gebuer de17. Januar1706 zuBoston amMassachusetts, a gestuerwen de17. Abrëll1790 zuPhiladelphia amPennsylvania, war en nordamerikaneschenDrécker,Editeur,Schrëftsteller,Naturwëssenschaftler,Erfinder aStaatsmann.

De Franklin huet fir d'éischt als Drécker an Editeur geschafft, ier e mat 42 Joer an d'Politik gaangen ass.

Hien huet um Entworf vun derOnofhängegkeetserklärung vun de Vereenegte Staate vun Amerika matgeschafft a war ee vun deenen, déi se mat ënnerschriwwen hunn. Wärend deramerikanescher Revolutioun huet hien d'Vereenegt Staate vun Amerika als Diplomat a Frankräich vertrueden an huet souwuel den Allianztraité mat de Fransouse wéi och deFriddenstraité vu Paräis ausgehandelt, deen denamerikaneschen Onofhängegkeetskrich op en Enn bruecht huet. Als Delegéierte vun derPhiladelphia Convention huet hien déiamerikanesch Verfassung mat ausgeschafft. Hie gëtt dann och zu de "Grënnerpäpp vun de Vereenegte Staate" gezielt.

Dem Benjamin Franklin louch säi Liewe laang vill drun, sech fir d'Gesellschaft anzesetzen. Hien huet déi éischt fräiwëllegPompjeeën zuPhiladelphia gegrënnt an déi éischt ëffentlech Bibliothéik vun Amerika, an huet en Holzuewen entwéckelt, dee besonnesch gutt gehëtzt an net vill gedämpt huet. Ausserdeem huet hie wëssenschaftlech Entdeckungen an Erfindunge gemaach, wéi z. B. deBlëtzofleeder.

Dem Franklin sengAutobiographie hat laang e grousse Succès, an huet als Musterbeispill gegollt, wéi ee sech aus eegener Kraaft a mat Disziplin aus einfache Verhältnesser eropschaffe kann.

Fir hien ze commemoréieren, gouf fir den 100-Dollar-Billjee säi Bild erausgesicht.

An der Stad Lëtzebuerg, zuGaasperech, gouf eng Strooss no him genannt, d'rue Benjamin Franklin (PLZ: L-1540).

Literatur

[änneren |Quelltext änneren]
  • Joseph A. Leo Lemay:The Life of Benjamin Franklin, 3 Bände, Philadelphia 2006
  • Edmund S. Morgan:Benjamin Franklin-Eine Biographie. (Aus dem Amerikanischen von Thorsten Schmidt) München: C. H. Beck 2006, 304 S.
  • Walter Isaacson:Benjamin Franklin. An American Life, New York [u.a.] 2003,ISBN 0-684-80761-0
  • Edmund S. Morgan:Benjamin Franklin, New Haven & London 2003,ISBN 0-300-10162-7 (dt. Ausgabe:Benjamin Franklin. Eine Biographie, München 2005,ISBN 3-406-53508-9
  • H. W. Brands:The First American. The Life and Times of Benjamin Franklin, New York [u.a.] 2000,ISBN 0-385-49328-2
  • Jürgen Overhoff:Benjamin Franklin. Erfinder, Freigeist, Staatenlenker, Stuttgart, 2006,ISBN 3-608-94134-7

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Benjamin Franklin – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Benjamin_Franklin&oldid=2594897
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp