Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Belsch

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem aktuelle belsche Kinnekräich. Fir aner a fréier Bedeitungen, kuckt wgl.Belsch (Semantik).
Royaume de Belgique
Koninkrijk België
Königreich Belgien

Fändel vun der Belsch

Wope vun der Belsch

Detailer

Detailer
National Devise:
L'union fait la force
Eendracht maakt macht
Einigkeit macht stark
Offiziell Sprooch:Franséisch,Hollännesch,Däitsch
Haaptstad:Bréissel
 • Awunner:178.552(2016) /Haaptstadregioun Bréissel: 1.255.795(2025)
Staatsform:Parlamentaresch Monarchie
 • Kinnek:Philippe vun der Belsch
 • Premierminister:Bart De Wever
Fläch:30.689km² (140.)
 • DovuWaasser:6,35 %
Bevëlkerung:11.825.551
(1. Januar 2025)[1]
 • Bevëlkerungsdicht:385/km²
Onofhängegkeet:vunHolland
1830 (ausgeruff)
1839 (unerkannt)
Nationalfeierdag:21. Juli
Nationalhymn:La Brabançonne
(Lauschteren)
Wärung:Euro (EUR)
Zäitzon:UTC +1 (+2 am Summer)
Internet TLD:.be
Internationalen
Telefonsprefix
:
+32

D'Belsch, offiziell Belscht Kinnekräich, ass e Land aWesteuropa. Et läit laanscht d'Nordmier a grenzt unHolland,Däitschland,Lëtzebuerg aFrankräich. D'Land erstreckt sech op enger Fläch vun 30.689km² an huet eng Bevëlkerung vu ronn 11,8 Milliounen, wouduerch et dat 22. dichtst bewunnt Land op der Welt ass, an dat 6. an Europa, mat enger Bevëlkerungsdicht vun 385 pro Quadratkilometer.

Rechtlech ass d'Belsch e souveräne Staat an eng federal konstitutionell Monarchie mat engem parlamentaresche System. Hir institutionell Organisatioun ass komplex a souwuel op regionale wéi op sproochleche Grënn strukturéiert. D'Belsch ass an dräi Communautéiten, déi Flämesch Communautéit, déi Franséisch Communautéit, déi Däitschsproocheg Communautéit, an an dräi Regiounen opgedeelt: déiFlämesch Regioun am Norden, déiWallounesch Regioun am Süden an d'Haaptstadregioun Bréissel am Zentrum. Bréissel ass déi klengst an am dichtst bewunnt Regioun, souwéi déi räichst Regioun wat deBIP pro Kapp ugeet.

De Begrëff "Belsch"

[änneren |Quelltext änneren]

Den Numm "Belsch" (Belgique, België) ass vum laténgesche WuertBelgium ofgeleet, dat deJulius Cäsar a sengem BuchDe Bello Gallico ëm d'Joer55 v. Chr. ernimmt huet, fir d'Regioun ze beschreiwen.[2]

Zanterhier gouf de BegrëffBelsch (resp.Belgica, Belgae, Belgique, asw.) am Laf vun der Zäit fir eng méi oder manner grouss Géigend, respektiv fir verschidde Géigende gläichzäiteg, a fir ënnerschiddlech Mënschegruppe benotzt.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel:Belsch (Semantik).

Geschicht

[änneren |Quelltext änneren]

D'Belsch ass, matLëtzebuerg anHolland, en Deel vun den historeschen Nidderlanden. Vum Enn vum Mëttelalter bis an de 17. Joerhonnert war d'Gebitt vun der Belsch e gutt gestallten a kosmopoliteschen Zentrum vun Handel a Kultur. Tëschent dem 16. a fréie 19. Joerhonnert huet d'Belsch d'Schluechtfeld tëschent villen europäesche Muechte gedéngt, dowéinst huet d'Land de Spëtznumm d'"Schluechtfeld vun Europa" verdéngt; e Ruff duerch béid Weltkricher verstäerkt. D'Land ass am Joer 1830 no derBelscher Revolutioun als moderne Staat entstanen, wéi et sech vumVereenegte Kinnekräich vun den Nidderlande getrennt huet. De4. Oktober1830 huet d'Belsch seng Onofhängegkeet vun Holland erkläert.

D'Belsch war eent vun den éischte Länner, an deem d'Industriell Revolutioun zum Droe koum, wat sech besonnesch beim Verschaffe vu Kuel an Eisenäerz, laanscht d'Sambre an d'Meuse manifestéiert huet. Bis 1960 hat d'Belsch eng Rei vu Kolonien anAfrika, déi gréisst dovu war deKongo. Déi zweet Hallschent vum 20. Joerhonnert war vu Spannungen tëschent den hollänneschsproochegen an de franséischsproochege Bierger markéiert, déi duerch sproochlech a kulturell Differenzen an ongerecht wirtschaftlech Entwécklung vu Flandern a Wallounien ugedriwwe goufen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel:Geschicht vun der Belsch.

Geographie

[änneren |Quelltext änneren]

D'Belsch deelt sech Grenze matFrankräich (620 km),Holland (450 km),Däitschland (167 km) aLëtzebuerg (148 km). Seng Gesamtfläch - inklusiv Waasserfläch - sinn 30.528 km2; d'Landfläch eleng huet 30.278 km2. Et läit tëscht de Breedegraden 49°30 an 51°30 N an de Längegraden 2°33 a 6°24 E.

Zu de grousse geographesche Regioune vun der Belsch zielen d'Küsteplaine an den zentrale Plateau, déi am Nordwesten dominéieren, an d'Ardennen am Süden. Déi südlechst Spëtzt vum Land gehéiert nach zumParäisser Baseng.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel:Geographie vun der Belsch.

Klima

[änneren |Quelltext änneren]

D'Klima ass temperéiert a maritim, mat bedeitendem Nidderschlag an alle Joreszäiten, wéi déi meescht Länner an Nordwesteuropa. D'Duerchschnëttstemperatur ass am niddregsten am Januar bei 3 °C an am héchsten am Juli bei 18 °C.

Administrativ Andeelung

[änneren |Quelltext änneren]

D'Belsch ass zanter 1992 e federale Staat, dee sech aus dräiCommunautéiten an dräiRegiounen zesummesetzt.

Déi Regioune sinn d'Haaptstadregioun Bréissel, d'Flämesch Regioun an d'Wallounesch Regioun. Déi zwou lescht si jiddereng a jee fënnefProvënzen ënnerdeelt.

D'Communautéite baséieren op der Sprooch. Heibäi handelt sech ëm d'hollänneschsproochegFlämesch Communautéit, d'Franséischsproocheg Communautéit déi ongeféier 40 Prozent vun alle Belsch ausmécht an déi klengDäitschsproocheg Communautéit an denOstkantonen, déi ongeféier ee Prozent ausmécht. D'Haaptstadregioun Bréissel ass offiziell zweesproocheg (Franséisch an Hollännesch), och wa Franséisch déi dominant Sprooch ass.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel:Communautéiten, Regiounen a Provënze vun der Belsch.

Politik

[änneren |Quelltext änneren]
Den aktuelle KinnekPhilippe vun der Belsch

D'Belsch ass eng konstitutionell Monarchie an eng federal parlamentaresch Demokratie. D'federaalt Parlament setzt sech aus demSenat an derRepresentantechamber zesummen. An der Belsch gëllt d'Walflicht, dowéinst gëtt et eng vun den héchste Walbedeelegungen op der Welt.

Staatschef ass de Kinnek, zanter 2013 deKinnek Philippe, mä mat limitéierte Prerogativen. Hien designéiert d'Ministeren, dorënner de Premierminister, déi d'Vertraue vun der Representantechamber hunn, fir d'federal Regierung ze forméieren. De Regierungsrot besteet aus net méi wéi 15 Memberen. Mat der Ausnam vum Premierminister muss de Regierungsrot aus grad souvill franséischsproochege wéi hollänneschsproochege Ministere bestoen.

Zu de frankophone Parteien zielen d'Sozialistesch Partei, deMouvement réformateur,Les Engagés (Ex-Chrëschtdemokraten), déiGréng anDéFI. Bei de Flame gëtt et d'Nei-Flämesch Allianz (N-VA), d'Chrëschtdemokraten, d'Liberal Partei, d'Sozialdemokraten, déiGréng an deVlaams Belang.

Ekonomie

[änneren |Quelltext änneren]

D'Ekonomie vun der Belsch ass staark globaliséiert an d'Transportinfrastruktur ass gutt an de Rescht vun Europa integréiert. Dem Land säi strategesche Standuert am Häerz vun enger héich-industrialiséierter Regioun mécht et zu engem vun de Haapt-Handelslänner an zu engem vun de räichste Länner op der Welt. D'Wirtschaft charakteriséiert sech duerch eng produktiv Aarbechtskraaft, en héije PNB an héich Exporttauxe per capita. Der Belsch hir Haaptimporter si Réimaterialien, Maschinnen an Ekipementer, Chemikalien,Réidiamanten, Medikamenter, Liewensmëttel, Transportekipementer a Pëtrolsprodukter. D'Haaptexportgidder si Maschinnen an Ekipementer, Chemikalien, fäerdeg Diamanten, Metaller a Metallprodukter a Liewensmëttel.

Am Allgemengen ass d'belsch Wirtschaft extreem op Zerwisser orientéiert, mat enger dynamescher flamännescher Ekonomie an der Wirtschaft vu Wallounien, déi zanter der Strukturkris an der Schwéierindustrie nach ëmmer Krämpes huet, sech dovun z'erhuelen. Als ee vun de Grënnungsmembere vun derEuropäescher Unioun ënnerstëtzt d'Belsch d'Iddi vun enger oppener Vollekswirtschaft an d'Erweidere vun de Kompetenze vun den EU-Institutioune fir nei Memberen an den europäesche Bannemaart ze integréieren. Zënter 1922, via d'Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun, hunn d'Belsch a Lëtzebuerg e gemeinsame Bannemaart mat Zoll- a Wärungsunioun.

Demographie

[änneren |Quelltext änneren]

Ufank 2025 hat d'Belsch eng Bevëlkerung vun iwwer 11.825.000 Awunner. Dovun hu schonn 2004 97 % als urban gegollt. D'Bevëlkerungsdicht ass 363,6 Awunner op de Quadratkilometer, woubäi deen Taux aFlandern méi héich an an denArdennen am niddregsten ass. A Flandern hunn 2015 iwwer 6.437.000 Leit gelieft an d'Stied mat de meeschten Awunner warenAntwerpen (511.000),Gent (252.274) aBruges (117.787). A Wallounien hunn 3.585.000 Leit gelieft aCharleroi (202.021),Léck (194.000) anNamouer (110.000) haten déi meeschten Awunner. D'Haaptstadregioun Bréissel hat 1.167.000 Awunner. Dräi aner Gemengen, nieftBréissel selwer, an där Regioun haten iwwer 100.000 Awunner.

2012 haten 90 % vun der Bevëlkerung d'belsch Nationalitéit, aner 6 % waren aner EU-Bierger. Heefegst Auslänner waren d'Italiener (452.000), d'Marokkaner (412.000), d'Fransousen (268.000) an d'Hollänner (216.000). Aner gréisser Communautéite sinn d'Spuenier (82.000), d'Polen (73.000) an d'Kongoleesen an déi Däitsch (mat respektive 70.000).[3] Zënter der Ännerung vum belschen Nationalitéitegesetz am Joer 1984 hu méi wéi 1,3 Millioune Migranten d'belsch Staatsbiergerschaft ugeholl. 2012 gouf geschat, datt 25 % vun der Gesamtbevëlkerung auslännesch Wuerzelen hunn.

Kultur

[änneren |Quelltext änneren]

Konscht

[änneren |Quelltext änneren]

Besonnesch d'Kontributiounen an der Molerei an an der Architektur vu belsche Perséinlechkeete sinn ervirzehiewen, zum Beispill d'Molerei wärend der flamännescher Renaissance. Zu de bekannte flamännesche Moler zielen dePeter Paul Rubens, denAntoon van Dyck, dePieter Bruegel den Eeleren an deJan van Eyck. Kënschtler aus dem 20. Joerhonnert sinn deWim Delvoye, deConstant Permeke, deRené Magritte an dePaul Delvaux.

DeVictor Horta war ee vun de bekanntsteJugendstil-Architekten.

Musek

[änneren |Quelltext änneren]

De BelschAdolphe Sax huet deSaxophon erfonnt. DeJacques Brel gëllt als ee vun de beschte Chansonnieren. Europawäite Succès am 21. Joerhonnert huet deStromae.

Literatur

[änneren |Quelltext änneren]

Belsch Auteure sinn ënner anerem deGeorges Simenon, d'Amélie Nothomb, denHugo Claus, d'Suzanne Lilar an denHendrik Conscience.

Och d'Bande-dessinéeën hunn an der Belsch e besonnesche Stellewäert, mamHergé (Tintin), demPeyo (Schlumpfen), demAndré Franquin (Gaston Lagaffe,Marsupilami), demDupa oder demMorris (Lucky Luke).

Kichen

[änneren |Quelltext änneren]
Mullen aFritte gëllen als belsch Spezialitéit

Vill belsch Restaurante si renomméiert an et fënnt ee s'an de grousse Restaurantsguide wéi dem Guide Michelin.

D'Belsch ass bekannt fir hireBéier,Eisekuchen,Schockela aFritten.

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Belsch – Biller, Videoen oder Audiodateien
Memberstaate vun derEuropäescher Unioun
Aktuell Memberen
Fréier Memberen
Memberstaate vun derNATO

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. https://statbel.fgov.be/fr/nouvelles/la-belgique-comptait-11825551-habitants-au-1er-janvier-2025.
  2. C. Julius Caesar,De Bello Gallico, book 8,chapter 46.
  3. npdata.be(nl)
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Belsch&oldid=2645914
Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp