DeBauch, an der Fachsprooch mamlaténgeschen NummAbdomen bezeechent, ass en Deel vumKierper beimMënsch a bei de meeschteWierbeldéieren. E läit tëscht derBroscht, respektiv demBroschtkuerf, an demBecken. Dovun ass de Bauch de viischten Deel, deen hënneschten Deel zielt zumRéck.
Den Huelraum vum Abdomen ass d'Bauchhiel (lat.:cavitas abdominalis).
Beim Mënsch fänkt de Bauch ongeféier op der Héicht vun der Spëtzt vumBroschtbeen (Sternum) un a geet bis ongeféier deLeeschteband (lat:ligamentum inguinale). Den Deel vum Bauch iwwer demBauchnuebel, deen nach vun den ënneschteRëpper ëmfaasst ass, ass den ieweschte Bauch oder Epigastrium. Den Deel ouni Schanken an der Regioun ronderëm den Nuebel ass de Mëttelbauch oder Mesogastrium. Den Ënnerleif oder Hypogastrium ass den ënneschten Deel vum Bauch, dee vum Becken ëmfaasst ass.
Déi viischt a säitlech Begrenzung vum Bauch bilt d'Bauchmuskulatur, iwwer déi d'Haut gespaant ass. Den hënneschten Deel ass vumRéckstrank begrenzt. D'Ausgesi vun der Uewerfläch vum Bauch hänkt vun derErnierung an dem Trainingszoustand vun der Persoun oder dem Déier of. Bei schlanken an fitte Mënschen zeechent sech de Relief vun de Bauchmuskulatur of, bei iwwergewiichtege Mënschen ass de Bauch wéinst enger ausgepräägter Fettschicht no bausse gewölbt.[1]