En entsteet, wann dënnflëssegt, kiselsaieraarmtMagma op der Äerduewerfläch erauskënnt a sech dann zuBasaltlava ofkillt. Basalt ass gewéinlech donkelgro bis schwaarz.
Zwéi Facteure bestëmmen, wéi Basalt ausgesäit, nodeem en haart ginn ass: Killt d'Lava séier of, gëtt et en zesummenhängende Steekoup a Form vun, jee no Temperatur a Gasgehalt,Pahoehoe-Lava oderAa-Lava. Killt s'awer méi lues of, entstinn, well sech d'Matière zesummenzitt, meterlaang eckeg Basaltsailen (Sailebasalt) senkrecht zu der Fläch, wou en ofkillt. Déi Sailen hu meeschtens esechseckege Quierschnëtt.
Basalt ass dat Gestengs dat am meeschten op der Äerd verbreet ass. Bal all d'Biedem vun den déiwenOzeaner sinn aus Basalt, iwwer deem dann eng CoucheSedimentgestengs ass. Um Festland kënnt e beitektonesche Schwaachzone vir.
An der Géigend vuLëtzebuerg ass et virun allem an deVulkanäifel, wou ee Basalt fënnt; d'UertschaftMendig z. B. ass zum Deel aus Basaltsteng gebaut, an et goufen do joerhonnertelaang Millesteng aus Basalt fabrizéiert.