B. B. King Gebuertsnumm Riley Ben King Gebuer 16. September 1925 BerclairGestuerwen 14. Mee 2015 Las Vegas Doudesursaach Zockerkrankheet Nationalitéit USA Aktivitéit Gittarist,Sänger , Singer-Songwriter,Komponist ,Pianist , Museksproduzent Member vun American Academy of Arts and Sciences Gielercher National Medal of Arts, Presidential Medal of Freedom, Grammy Lifetime Achievement Award, Rock and Roll Hall of Fame, Library of Congress Living Legend, Kennedy-Präis, Commandeur des Arts et des Lettres, Stär um Hollywood Walk of Fame Famill Bestuet mat Martha Lee Denton (1946–1952), Sue Carol Hall (1958–1966)
DeB. B. King , gebuer de16. September 1925 zuBerclair beiItta Bena , amBundesstaat Mississippi , a gestuerwen de14. Mee 2015 zuLas Vegas , amNevada , fir richtegRiley B. King , war enUS-amerikanesche Blues -Gitarristen a-Sänger . Hien huet Generatioune vu Rock- a Bluesmuseker beaflosst. Seng Placke goufe mat am Ganze 15Grammyen ausgezeechent.
Zu senge grousse Succèsen ziele seng Cover-Versioun vumBig Joe Turner sengemSweet Sixteen anThe Thrill Is Gone .
Hien huet 1969 nieft demIke &Tina Turner bei der US-Tournee vun deRolling Stones amVirprogramm gespillt, a mat ë. a. demCarole King ,Leon Russell ,Alexis Korner ,Peter Green ,Steve Winwood ,U2 anEric Clapton .
Hien ass bis 2004 reegelméisseg op Tournée gaangen, an hat och duerno nach deen een oder aneren Optrëtt.
Hien hat seng Gittar "Lucille" genannt.
King, B. B., Ritz, David (1996): Blues all round me - The Autobiography Of B. B. King. Avon Books, New York,ISBN 0-380-97318-9 Sawyer, Charles (1982): B. B. King - The Authorized Biography. Quartet Books,ISBN 0-7043-3415-1