Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Audrey Hepburn

Vu Wikipedia
Audrey Hepburn
am Film "Roman Holiday" (1953)
GebuertsnummAudrey Kathleen Ruston
PseudonymEdda van Heemstra
Gebuer4. Mee1929
Gestuerwen20. Januar1993
Tolochenaz
DoudesursaachLongekriibs
NationalitéitVereenegt Kinnekräich
AktivitéitTheaterschauspiller,Mannequin, Filmschauspiller, Philanthrop, Dänzer, Ballettdänzer,Schauspiller, Humanitarier
GielercherJean Hersholt Humanitarian Award, Presidential Medal of Freedom, Primetime Emmy Award, Cecil B. DeMille Award,Oscar fir déi bescht Schauspillerin, Tony Award fir déi bescht Schauspillerin, Theatre World Award, Stär um Hollywood Walk of Fame, Crystal Award, Commandeur des Arts et des Lettres‎,Golden Globe Awards,Oscar,Emmy Award,Screen Actors Guild Awards,Grammy Awards
Famill
Bestuet matMel Ferrer, Andrea Dotti
Liewenspartner(in)Robert Wolders
MammElla van Heemstra
D'Audrey Hepburn am Film "Sabrina" (1954)
D'Audrey Hepburn am Film "Breakfast at Tiffany's" (1961)
D'Audrey Hepburn (1981)

D'Audrey Hepburn, gebuer de4. Mee1929 zuIxelles an derBelsch, a gestuerwen den20. Januar1993 zuTolochenaz (Kanton Vaud,Schwäiz); eigentlechAudrey Kathleen Hepburn-Ruston, war engSchauspillerin matbrittesch-hollänneschen Originnen.

Si hat kleng Statisterollen a Filmer, wéi se vun der franséischer SchrëftstellerinColette entdeckt gouf, fir d'Haaptroll vun hirem StéckGigi umBroadway ze spillen. Dat hat e grousse Succès, anHollywood gouf op se opmierksam. Direkt fir hir éischt Haaptroll am FilmRoman Holiday (1953) (mamGregory Peck) krut si 1954 enOscar.

Si huet an den 1950er an 1960er Joren zu de populäerste Stare gezielt. Si hat grousse Succès mat Filmer wéiSabrina, War and Peace (mamMel Ferrer, dee se beim TheaterstéckOndine kennegeléiert hat an dee se du bestuet huet),Breakfast at Tiffany's, My Fair Lady oderWait until Dark.

Fir hir kënschtleresch Leeschtunge krut si ë. a. denOscar, dräiGolden Globes, eenEmmy, zwéinTony Awards an eeGrammy.

Méi spéit am Liewen huet si bal nëmmen nach alsUNICEF-Sonnerambassadrice geschafft.

Filmographie

[änneren |Quelltext änneren]

Literatur (z. D. däitsch Iwwersetzungen)

[änneren |Quelltext änneren]
  • Ellen Fontana:Audrey 100. Eine traumhafte Reise in Bildern - ausgewählt von ihrer Familie. Vorwort: Sean Hepburn Ferrer, Edel, Hamburg, 2011, 192 S.,ISBN 978-3-8419-0062-3.
  • Yann-Brice Dherbier (Hrsg.):Audrey Hepburn. Bilder eines Lebens, Geleitwort:Hubert de Givenchy, ergänzender biografischer Essay: Axelle Emden, Henschel Verlag, Berlin 2007,ISBN 978-3-89487-581-7.
  • Sean Hepburn Ferrer:Audrey Hepburn: Melancholie und Grazie. Henschel, Berlin 2004,ISBN 3-89487-475-9.
  • Berndt Schulz:Audrey Hepburn. Lolita der H-Linie., inAdolf Heinzlmeier, Berndt Schulz, Karsten Witte:Die Unsterblichen des Kinos. Band 2: Glanz und Mythos der Stars der 40er und 50er Jahre. S. Fischer, Frankfurt am Main 1980,ISBN 3-596-23658-4, S. 202-209.
  • Donald Spoto:Audrey Hepburn- Ein Leben, Krüger Verlag, Frankfurt am Main 2007,ISBN 978-3-8105-1863-7, 399 S., mit s/w-Aufnahmen.
  • Norbert Stresau:Audrey Hepburn: Ihre Filme - ihr Leben. Heyne, München 1993,ISBN 3-453-86085-3.
  • Sam Wasson:Verlieben Sie sich nie in ein wildes Geschöpf. Audrey Hepburn und „Frühstück bei Tiffany“, aus dem Englischen von Dörte Kaiser. Steidl Verlag, Göttingen 2011,ISBN 978-3-86930-239-3.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Audrey Hepburn – Biller, Videoen oder Audiodateien
Autoritéitskontroll
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Audrey_Hepburn&oldid=2536965
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp