Dësen Artikel ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Satellittebild vum Marakei-AtollAnimatioun déi weist wéi en Atoll entsteet
EnAtoll ass engKoralleninsel an dentropescheMierer, déi meeschtens aleng am Mier läit, an déi gewéinlech e Rank ëm eng Waasserfläch bilt, déiLagun genannt gëtt.
Den Deel vun derInsel, deen aus demWaasser eraussteet, ass net ganz héich an en huet eng liichtPente zur Säit vun der Lagun, där hir Déift bei de gréissten Atolle bei ëm déi honnert Meter läit. Op der Säit vum Mier fält d'Küst dogéint abrupt an d'Déift. Atolle fënnt een a waarme Mierer mat Waassertemperature vu 25 bis 30 Grad Celsius, op net ze déiwe Plaze mat klorem relativ staarksalzhaltegem Waasser an op fielsegem Ënnergrond. Dat kënnt dohier, datt d'Korallen nëmmen ënner deene Konditioune liewe kënnen.
Enger Theorie vumDarwin no géifen Atolle sech besonnesch op Vulkaninselen, déi am Gaang sinn ënnerzegoen, installéieren. D'Koralle géife fir d'éischt e Sam- oder Bandriff maachen, aus deem dann e Barrièreriff géif ginn a schliisslech en Atoll, wann d'Insel ganz ënnergaangen ass.