Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Atlanteschen Ozean

Vu Wikipedia
DëseGeographiesartikel ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Den Atlantik op der Weltkugel

DenAtlanteschen Ozean (kuerz:Atlantik) ass nomPazifik dat zweetgréisst Weltmier.

Den Atlantik ass duerch d'Deelung vum zesummenhängendenUrkontinent entstanen an trenntEuropa anAfrika vunAmerika. Mat sengen Niewemierer (Mëttelmier,Nordséi anOstséi) huet den Ozean eng Fläch vun zirka 106,2 Mio. km² a bedeckt e Fënneftel vun der Äerduewerfläch. De Mieresbuedem ass duerch deMëttelatlantesche Réck, dee bis zu 3000 m iwwer dem Buedem am déiwe Mier eropgeet, an eng West- an Ostatlantesch Muld getrennt. Déi maximal Déift gëtt mat 9.219 m amMilwaukeedéift, engem Dall vumPuerto-Rico-Gruef (Puerto Rico) erreecht. DeGolfstroum, deen aus derKaribik kënnt a queesch iwwer den Atlantik bis noGrönland zitt, ass fir dat relativ mëllt Klima un den nordeuropäesche Küste verantwortlech.

Den Atlantik ass, wéinst dem intensive Schëffverkéier op den Niewemierer an dem Transitverkéier tëscht Europa an Nordamerika, dat Weltmier mam meeschte Verkéier.

Vu wou den Numm hierkënnt

[änneren |Quelltext änneren]

Den Numm geet op déigriichesch Mythologie zeréck:Atlantis thalassa (Griichesch: Aτλαντiς θάλασσα; lu.:"Mier vumAtlas"), déi een déi éischt Kéier beimHerodot fënnt (Hdt. I 202,4),[1] hunn d'Griichen d'Mier déi Säit vun de sougenannteSaile vum Herakles, d. h. westlech vun derStrooss vu Gibraltar, genannt.

Waasser

[änneren |Quelltext änneren]

Den duerchschnëttleche Salzgehalt vum Atlanteschen Ozean läit bei zirka 3,54 %, wärend en amPazifik bei 3,45 % an amIndeschen Ozean bei 3,48 % läit.

Literatur

[änneren |Quelltext änneren]
  • Holger Afflerbach:Das entfesselte Meer. Die Geschichte des Atlantik. Malik-Verlag, München 2001,ISBN 3-492-23989-7.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Atlanteschen Ozean – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Herodot: Historien, gr.-dt., übers. v. Josef Feix, 2 Bde., München 2000.ISBN 3-7608-1539-1
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Atlanteschen_Ozean&oldid=2630763
Kategorie:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp