EngAsteroidefamill ass eng Grupp vunAsteroide mat de selwechteBunnelementer an engermineralogescher Zesummesetzung déi sech meeschtens gläicht. Asteroidenfamillen entsti méiglecherweis duerch en Aschlag vun engem Asteroid op engem aneren Asteroid,Mound oderPlanéit. Si ginn dofir och als Kollisiounsfamillje bezeechent. Bei Kraterfamillje bleiwen op engem Kollisiounspartner nëmmen een oder e puer Krateren zeréck, wärend bei normale Famillje béid Partner zerstéiert ginn an nei Asteroide bilden.

Asteroidefamillje ginn duerch eng groussHeefegkeet a Bunnelement-Diagrammer vun Asteroide fonnt. Zu de Bunnelementer gehéieren d'Längt vun dergrousser Hallefachs, d'Exzentrizitéit, d'Inklinatioun, d'Längt vum opsteigende Knuet an d'Argument vun der Periapsis. Bei rechnergestëtzte Methode ginn heefeg ofgeleet Bunnelementer beimClustering benotzt fir deFluch vun der Dimensiounalitéit z'ënnerloossen. Eng Zouuerdnung vun engem Asteroid zu enger Famill ass trotzdeem bei bal identesche Bunnelementer net sécher, well de Parameterraum och zoufälleg mat Hannergrondobjete gefëllt ass. Wann en Asteroid vun enger Famillspektroskopesch zu enger anererKlass gehéiert, da gëtt en als Interlooper bezeechent, well d'Zougehéieregkeet zur Famill diskutéierbar ass.
Déi éischt Beschreiwung vu Famillen hat de japaneschenAstronomKiyotsugu Hirayama am Joer1918 gemaach. Him zu Éiere ginn déi vun him entdeckt Familljen alsHirayama-Famill bezeechent. Duerch automateschDuerchmusterunge sinn haut iwwer honnert Asteroidefamilljen bekannt a weiderer ginn nach ugeholl.
Asteroidefamilljen entstinn duerch d'Kollisioun vun engem Asteroid mat engem aneren planetare Kierper. Dobäi kënne béid Partner zerstéiert ginn oder bei engem kënnt et zu engem oder méiAschléikrateren. Als Beispill fir dat Lescht gëllt d'Vesta-Famill ((4) Vesta) souwéi d'Famillen ëm d'Asteroiden(2) Pallas,(10) Hygiea souwéi(20) Massalia. Bei de meeschte Famille kann dogéint keen iwwerliewende gréisseren Asteroid fonnt ginn a bei dëse sinn Urspronkskierper warscheinlech komplett zerstéiert ginn. Nom Aschlagakkretéieren d'Iwwerreschter zuRubble Piles (lëtzb. Gestengskéip) mat ënnerschiddlecher mineralogescher Zesummesetzung.
Jonk Familljen hunn en Alter vun e puer dausend Joer. Den Alter gëtt duerch eng Réckrechnung vun de Bunnelementer, déi zu engem Kollisiounspunkt féiere bestëmmt. Dat maximalt noweislecht Alter vun Asteroidenfamilljen läit bei ronn zwou Milliarde Joer. Dono féiere kleng Ännerung an de Bunnelemente zu enger Verdeelung, déi net méi vum Hannergrond ënnerscheet ka ginn. D'Ännerung vun de Bunnelemente ginn vun noen Episoden un planetare Kierper an demYORP-Effet verursaacht.
Als Geeschterfamille ginn Asteroidenfamille bezeechnet, déi nëmme wéineg Memberen hunn, sech nëmme schwaach aus dem Hannergrond ervirdinn an en héijen dynameschen Alter hunn. Als e Beispill gëllt eng Grupp ëm den Asteroid(918) Itha. D'Ghost families hunn dacks eng nëmme kleng Verdeelung am Duerchmiesser vun de Memberen am Géigesaz zu normale Famillen. Dëst gëtt op déi gréisstenofhängeg Wierkung vum YORP-Effet zeréckgefouert.