Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Aserbaidjan

Vu Wikipedia
DëseGeographiesartikel iwwer denAserbaidjan ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Azərbaycan Respublikası

Fändel vum Aserbaidjan

Wope vum Aserbaidjan

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch:Aserbaidjanesch
Haaptstad:Baku
Staatsform:Republik
 • President:Ilham Aliyev
 • Premierminister:Ali Asadov
Fläch:86 600[1]km²
 • DovuWaasser:0,6 %
Bevëlkerung:9.164.600[2]

[3](89.)

 • Bevëlkerungsdicht:105,8/km²
Onofhängegkeet:vun derSowjetunioun,
den30. August1991
Nationalfeierdag:28. Mee
Nationalhymn:Azərbaycan Marşı
Wärung:Manat
Zäitzon:UTC +4
Internet TLD:.az
Internationalen
Telefonsprefix
:
+994

DenAserbaidjan (aserbaidjanesch:Azərbaycan) ass eng Republik am Südweste vunAsien, tëscht demKaspesche Mier an demKaukasus. Nopeschlänner sinn am NordeRussland, am NordwesteGeorgien, am Süden denIran an am WestenArmenien. D'ExklavNachitschewan, duerch armeenescht Staatsgebitt vum Kärland getrennt, huet am nordwestlechen Eck och nach 11 Kilometer Grenz mat derTierkei.Déi fréierAserbaidjanesch SSR gouf1991 vun derSowjetunioun onofhängeg.

D'Haaptstad vum Aserbaidjan heeschtBaku (Bakı) an ass eng grouss a wichteg Hafestad um Kaspesche Mier.

Obwuel d'Staatsgebitt zanter der Sowjetzäit schonn den Numm „Aserbaidjan“ dréit, gëtt mat deem Numm ursprénglech e Gebitt bezeechent, dat méi wäit südlech läit an haut zum Staatsgebitt vum Iran gehéiert, an dat haut och nach den NummAserbaidjan dréit. D'Gebitt vum haitegen Aserbaidjan hat virdrun d'NimmAran anAlbania.

D'baussepolitesch Relatioune mat Armenie bleiwe viru ferm strapazéiert.1992 sinn d'Konflikter ëm d'RegiounBiergkarabach am haitegen Aserbaidjan zu engem bluddegeKrich mam Nopeschland eskaléiert. Och nach nomWaffestëllstand vun1994 occupéiert Armenie ronn 15 % vun der Géigend. D'Friddensverhandlungen tëscht de Parteie stagnéieren zanterhier.

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Aserbaidjan – Biller, Videoen oder Audiodateien
Autoritéitskontroll

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Vereent Natiounen, 2004
  2. The International Population Day, The demographic situation in Azerbaijan, The State Statistical Committee of the Republic of Azerbaijan, 11.07.2011
  3. Nine millionth Azerbaijani citizen born. Today.Az. 15.1.2010.
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Aserbaidjan&oldid=2637969
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp