Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Ariane 1

Vu Wikipedia
Modell vun derAriane 1 amMusée de l'Air et de l'Espace

D'Ariane 1 ass den éischte Modell aus der Serie vun denAriane-Rakéiten. Si entstoung aus der Europa 3 vum feelgeschloenenEuropa-Projet. D'Entwécklungskäschte fir d'Ariane 1 louche bei 1,7 Mrd. DM (zirka 860 Mio. €).

Technik

[änneren |Quelltext änneren]

Bei engemStartgewiicht vu bis zu 210 t hat d'Ariane 1 eng Héicht vu 47,4 m an enDuerchmiesser vun 3,8 m. No de Pläng sollt si eng Notzlaaschtkapazitéit vu max. 1,7 t an derGTO erreechen. Et huet sech awer erausgestallt, datt deSpezifeschen Impuls vumHM-7-Dreifwierk vun der drëtter Stuf méi héich war wéi berechent, wouduerch déi tatsächlech Notzlaaschtkapazitéit max. 1,85 t an d'GTO ausgemaach huet.[1] Dobäi konnt d'Ariane 1 ee groussen oder zwéi kleng Satellitten transportéieren.

D'Ariane 1 hat dräi Stufen:

Déi béid Modeller duerno, d'Ariane 3 an d'Ariane 2 waren nëmme wéineg modifizéiert Variante vun der Ariane 1. An och nach d'Ariane 4 gouf deelweis op d'Ariane 1 opgebaut. Eréischt d'Ariane 5 gouf nei entwéckelt.

Déi kleng Zuel vu Starten an déi wéineg Starte vun1985 un, si bedéngt duerch d'Opkomme vun der méi staarker Ariane 3 am Joer1984 an der eppes méi staarker Ariane 2 am Joer1986.

Komplett Startlëscht

[änneren |Quelltext änneren]

All d'Rakéite goufe vun der StartplazELA-1 vumeuropäescher Weltraumgare Kourou aFranséisch-Guyana gestart. Fir d'Ariane 1 gouf d'Startramp vun der Europa 2 Rakéit ëmgebaut. Si gouf och fir de Start vun der Ariane 2 an 3 agesat.

Start­zeit­punkt (UTC)Ser.-Nr.NotzlaaschtOrbit¹Bemierkung
24. Dezember1979 17:14 AuerL1CAT (Technologiekapsel)GTOErfolleg Bemierk.: drëtt Stuf schalt ze fréi of. Ëmlafbunn trotzdeem méi héich wéi geplangt, well déi 3. Stuf méi leeschtungsfäeg war wéi berechent.
23. Mee1980 14:29 AuerL2FIREWHEEL, CAT,AMSAT P3A
(Fuerschungssatellit, Technologiekapsel, Amateurfunksatellit)
Virun der Küst ofgestierzt (geplangt: GTO)Feelstart Verbrennungsinstabilitéiten an engem vun de 4 Dreifwierker vun der éischter Stuf féieren zu enger Explosioun kuerz nom Start.
19. Juni1981 12:32 AuerL3Meteosat 2, CATApple
(Wiedersatellit, Technologiekapsel, experimentellen Noriichtesatellit)
GTOErfolleg
20. Dezember1981 01:29 AuerL4CAT,MARECS A
(Technologiekapsel,Kommunikatiounssatellit fir Schëffer)
GTOErfolleg
9. September1982 2:12 AuerL5MARECS B,Sirio
(Kommunikatiounssatellit fir Schëffer, experimentelle Kommunikatiounssatellit)
OfstuerzFeelstart Versoe vun der drëtter Stuf
16. Juni1983 11:59 AuerL6ECS 1,Amsat P3B
(Kommunikatiounssatellit, Amateurfunksatellit)
GTOErfolleg
19. Oktober1983 0:45 AuerL7Intelsat V-F7
(Kommunikatiounssatellit), 1860 kg
GTOErfolleg
5. Mäerz1984 0:50 AuerL8Intelsat V-F8
(Kommunikatiounssatellit), 1860 kg
GTOErfolleg
23. Mee1984 1:33 AuerV9SPACENET 1
(Kommunikatiounssatellit)
GTOErfolleg
2. Juli1985 11:23 AuerV14Giotto
(Koméitesond zumKoméit Halley), 960 kg
GTO (Vun do duerch eegenen Undriff op Äerdfluchtbunn)Erfolleg; minimal méiglech Notzlaaschtgewiicht an de GTO[2]
22. Februar1986 1:44 AuerV16Spot 1,Viking 1
(Äerdobservatiounssatellit, Fuerschungssatellit)
SSOErfolleg

¹ NET zwangsleefeg den Zilorbit vun der Notzlaascht - mä d'Bunn op där d'Notzlaascht vun der drëtter Stuf ausgesat gouf.

² D'Notzlaaschte sinn sou verzeechent wéi si iwwereneen oder (a rare Fäll) nieweneneen an der Notzlaaschtverkleedung ënnerbruecht waren. Déi iewescht Notzlaascht fir d'éischt, dann déi zweetiewescht a.s.w..

Literatur

[änneren |Quelltext änneren]
  • Martine Castello:La grande aventure d'Ariane. Larousse 1987,ISBN 2-03-518232-8.
  • William Huon:Ariane, une épopée européenne. ETAI 2007,ISBN 978-2-7268-8709-7.
  • Jean-Pierre Philippe:Ariane, horizon 2000. Taillandier, Paris 2000,ISBN 2-87636-045-4.
  • Bernd Leitenberger: Europäische Trägerraketen Band 1.Von der Diamant zur Ariane 4 - Europas steiniger Weg in den Orbit Books on Demand, Norderstedt 2009,ISBN 3837095916.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Ariane – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Die Oberstufen H-8, H-10 und ESC-A
  2. Nigel Calder:Jenseits von Halley. Die Erforschung von Schweifsternen durch die Raumsonden Giotto und Rosetta (Originaltitel:Giotto to the Comets). Springer, Berlin, Heidelberg und New York 1994,ISBN 3-540-57585-5
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Ariane_1&oldid=2497346
Kategorie:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp