| Héichland Arabia Terra | |
|---|---|
| Eegenschaften | |
| Marsregioun | Héichland Arabia Terra |
| Breet aLängt | ♁25° 0′ N, 30° 0′ O |
| Dimensioun | 6000 km |
| Alter | ? |
| Entdecker | |
| Genannt nom | Laténgesch firarabescht Land |
Arabia Terra (arabescht Land) ass eng grouss, verkratert Héichlandregioun, nërdlech vumEquator vumPlanéitMars.
Den Zentrum läit op 25° nërdlechBreet an 330° westlechLängt. D'Regioun huet eng Ausdeenung vu ronn 6.000 km.
Arabia Terra läit genee vis-à-vis vun derTharsisregioun mat hire massiveSchëldvulkaner. Méiglecherweis gouf Arabia Terra zur selwechter Zäit duerch bannenzeg Kräften eropgehuewen, wéi d'Tharsisregioun.
Déi ganz Regioun vun Arabia Terra ass matImpaktkrateren iwwerséit. Déi gréisst wéi deCassini, denTikhonravov, an deSchiaparelli hunn en Duerchmiesser vu ronn 200 km.
Am September2004 konnt d'RaumsondMars ExpressWaasserdamp iwwer der Regioun noweisen. Méiglecherweis sinn ënner der sandeger Uewerfläch gréisser Masse vu Waasser a Form vunÄis.
Nërdlech vun Arabia Terra läit dat grousst FlaachlandVastitas Borealis.