Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Apple Inc.

Vu Wikipedia
Apple Inc.
TypKapitalgesellschaft
Grënnungsdatum1. Abrëll1976
GrënnerSteve Wozniak,Steve Jobs
SëtzCupertino
BesëtzerThe Vanguard Group, Berkshire Hathaway, BlackRock, State Street Global Advisors
PresidentArthur D. Levinson
GeneraldirekterTim Cook
Mataarbechter164.000
 (2022)
Ëmsaz416.161.000.000US-Dollar
 (2025)
BrancheElektronik, Softwareentwécklung
ProduitHardware,Software
Homepagehttps://apple.com

Apple Inc. ass engamerikanesch multinational Entreprise ausKalifornien, déi op den Design, d'Entwécklung an de Verkaf vun Elektronikproduite fir de grousse Public,Computer Software, online Zerwisser aPersonal Computere spezialiséiert ass. Hir bekanntst Produite sinn d'Macintosh-Computeren, de MedieplayeriPod, de SmartphoneiPhone an den TabletiPad. Zu hiren Onlinezerwisser zieleniCloud, deniTunes Store an denApp Store. Beispiller vun Apple Konsumentesoftware sinn d'BetribssystemerMac OS X aniOS, de MediebrowseriTunes an de WebbrowserSafari. Apple geheiert och deniTunes Store, de weltwäit gréisste Museksdistributeur.

Apple gouf den 1. Abrëll 1976 vumSteve Jobs,Steve Wozniak aRonald Wayne mam Zil gegrënnt, PCen z'entwéckele an ze verkafen. D'Entreprise gouf den 3. Januar 1977 alsApple Computer, Inc. incorporéiert. Den 9. Januar 2007 gouf den Numm anApple Inc. ëmgeännert, fir de Wiessel op Elektronikproduite fir de grousse Public ze reflektéieren.

Apple ass noSamsung Electronics déi zweetgréisst Entreprise am Beräich vun der Informatiounstechnologie (no Revenu gemooss), an den drëttgréisstenHandyproduzent. Am November 2014 ass Apple déi éischt US-amerikanesch Entreprise ginn, där hire Wäert 700 MilliardenUS-Dollar iwwerschratt huet.[1] 2014 hat Apple iwwer 72.000 Vollzäit-Employéen an e Joresakommes vun US$182 Milliarden.

Wéinst den Aarbechtskonditioune vun hiren Zouliwwerfirmen, a wéinst hire Geschäfts- an Ëmweltpraktike steet d'Firma reegelméisseg an der Kritik.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Apple Inc. – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Financial Post (online):Apple Inc market cap tops US$700B, double what it was when Tim Cook took over as CEO (25. November 2014)
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Apple_Inc.&oldid=2651676
Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp