International ass den Tschechow fir seng Theaterstécker, wéi z. B.Tri sestry (Три сестры, "Dräi Schwësteren"),Tschaika (Чайка, "D'Méiw") oderWischnjowy sad (Вишнёвый сад,De Kiischtebongert) bekannt. Tëscht 1880 an 1903 huet hien iwwer 600 literaresch Wierker geschaf. Seng Portraiten, op eng zeréckhalend Aart a Weis, vun den typeschen Aspekter aus dem Liewen an der Denkweis vun de Leit an der russescher Provënz hunn hien zu engem vun de bedeitendsten Auteure vun derrussescher Literatur gemaach.