Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Angola

Vu Wikipedia
República de Angola
Republik Angola

Fändel vun Angola

Wope vun Angola

Detailer

Detailer
National Devise: "Virtus Unita Fortior"
lat., "Vereenegt Daperkeet mécht méi staark"
Offiziell Sprooch:Portugisesch
Haaptstad:Luanda
Staatsform:Presidialrepublik
 •President:João Lourenço
 •Premierminister:Bornito de Sousa
Fläch:1.246.700km²
Bevëlkerung:25.789.024(2014)
 • Bevëlkerungsdicht:20,7/km²
Onofhängegkeet:vuPortugal den11. November1975
Nationalhymn:Angola Avante
Wärung:Kwanza
Zäitzon:UTC +1
Internet TLD:.ao
Internationalen
Telefonsprefix
:
+244

DenAngola ass eStaat aSüdwestafrika.

Geographie

[änneren |Quelltext änneren]

Den Angola ass engRepublik, déi aSüdwestafrika läit an där hire President erweidert Pouvoiren huet (Presidialrepublik). Den angolaneschen Nationaldag fält op den11. November, den Dag op deem1975 déi fréierportugisech Kolonie onofhängeg gouf. Den Angola läit umAtlantik a stéisst unNamibien,Sambia an un d'Demokratesch Republik Kongo. Den Angola huet engExklav,Cabinda, déi tëscht der Demokratescher Republik Kongo an derRepublik Kongo läit.

Demographie

[änneren |Quelltext änneren]

D'Populatioun setzt sech haaptsächlech ausBantu-Volleksgruppen zesummen, déi hiren eegenen Dialekt schwätzen. 37 % vun der Populatioun sinnOvimbundu, 25 %Kimbundu und 13 %Bakongo. Zueleméisseg manner staark vertruede Volleksgruppe sinn z. B.Chokwe (och Lunda),Ganguela,Nhaneca-Humbe,Ambo,Herero anXindunga. Eppes méi wéi 2 % vun der Bevëlkerung hu gemëscht Originnen. D'Europäer, déi am meeschte vuPortugisen ofstamen, maachen 1 % vun der Populatioun aus. D'Gesondheetssituatioun ass katastrophal. 40 % vun der Populatioun hu keen oder net genuch proppertDrénkwaasser. Dofir och déi vill Kranker, déimedezinesch net genuch versuergt sinn. Den Taux vun der Kannerstierflechkeet ass den zweethéchsten an der Welt an den Angolaner gëtt duerchschnëttlech nëmme 44,6 Joer al.

Sproochen

[änneren |Quelltext änneren]

Portugisesch ass weider eng vun den offizielle Sproochen am Angola. Aner Sproochen an Dialekter sinn:Umbundu,Kimbundu,Kikongo,Tchokwe,Ngangela,Oshiwambo (Kwanyama,Ndonga) anOtjiherero.

Geschicht

[änneren |Quelltext änneren]

Angola kuckt op eng beweegt Geschicht zeréck.

Nodeem tëscht dem7. an9. JoerhonnertBantu-Volleksguppe sech am Angola néiergeloss haten, ass am14. Joerhonnert am Norden d'Kinnekräich Kongo mat der HaaptstadMbanza Kongo gegrënnt ginn.

D'Tatsach datt de portugiseche SéimannDiogo Cão als éischtenEuropäer1483 an där Regioun gelant ass, huet AngolaPortugal méi no bruecht.1576 ass déi haiteg HaaptstadLuanda gegrënnt ginn, am Angola gouf offiziell eng portugisesch Kolonie. Säi politesche Statut huet1951 changéiert, wéi Angola eng Iwwerséiprovënz vu Portugal ginn ass. Wéi a ville Kolonie gouf et am Angola nomZweete Weltkrich Opstänn vun nationalisteschen Organisatiounen. Si hunn1959 ugefaangen a goufen1964 bluddeg néiergeworf.1975 krut Angola seng Onofhängegkeet an eng autonom Regierung, mat enger Majoritéit vu schwaarze Ministeren. Den éischte Staatschef war denAgostinho Neto, Chef vun dermarxistescherMPLA.

D'Rou an de Fridden hunn net laang gedauert. Tëscht derMPLA op där enger Säit, derFNLA an derUNITA op der aner Säit, ass dunn eBiergerkrich ausgebrach an deen och eng Rei vu frieme Muechten agegraff hunn. Op der Säit vun derMPLA stoungeRussland, d'DDR aKuba. Kuba huet net nëmme, wéi Russland, Waffe geliwwert mä och Zaldoten agesat. Fir d'FNLA ass deZaire agetratt. D'UNITA hirersäits, déi stäerkst Oppositiounsmuecht, mat dem FräiheetskämpferJonas Savimbi un der Spëtz, ass vun denUSA aSüdafrika staark ënnerstëtzt ginn. Dee Biergerkriich huet zwee an en halleft Joerzéngt gedauert an hat 1,5 Milliounen Affer. Obschonn déi géigneresch Parteie sech1991 op fräi Wale gëeenegt haten, ass de Biergerkriich vun der UNITA virugefouert ginn, mat dem Argument, den MPLA Walgewënner, de PresidentJosé Eduardo dos Santos (MLPA) wier duerch Walbedruch un d'Muecht kom.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel:Angolanesche Biergerkrich.

Politik

[änneren |Quelltext änneren]

Angola assMember vun de Vereenten Natiounen

Gréisser Stied

[änneren |Quelltext änneren]

Déi mat Ofstand gréisstAgglomeratioun am Angola assLuanda mat 3.662.300 Awunner. (Stand 1. Januar 2005). Dat heescht datt 30 % vun der Bevëlkerung zu Luanda oder an der Ëmgéigend wunnen.

Am follgenden Tableau sinn d'Stied mat méi wéi 20.000 Awunner opgeféiert. D'Resultater baséiren op enger Vollekszielung vum15. Dezember1970, an enger Neiberechnung fir den1. Januar2005. Och d'Provënze vum Angola zu där d'Stied gehéiere sinn opgefouert.

RangStadAw. 1970Aw. 2005Provënz
1.Luanda475.3282.776.125Luanda
2.Huambo61.885226.177Huambo
3.Lobito59.528207.957Benguela
4.Benguela40.996151.235Benguela
5.Lucapa45.649125.751Lunda Norte
6.Kuito8.941113.624Bié
7.Lubango31.674102.541Huíla
8.Malanje31.59987.047Malanje
9.Namibe12.07680.150Namibe
10.Soyok.a.67.553Zaire
11.Cabinda21.12466.020Cabinda
12.Uíge11.97260.008Uíge

Literatur

[änneren |Quelltext änneren]
  • Wright, George:The Destruction of a Nation: United States Policy Toward Angola Since 1945, Pluto Press, 1.3. 1997.
  • Newsom, David D.:The Imperial Mantle: The United States, Decolonization, and the Third World, Indiana University Press, 2001.
  • Gleijeses, Pietro:Conflicting Missions: Havana, Washington, and Africa, 1959-1976, UNC Press, 1.2. 2003, 576 Säiten.
  • Brittain, Victoria:Death of Dignity: Angola's Civil War, Pluto Press, 1.4. 1998, 128 Säiten.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Angola – Biller, Videoen oder Audiodateien
Autoritéitskontroll
Länner anAfrika
Memberstaate vun derAfrikanescher Unioun
Aktuell Memberen
Suspendéiert Memberen
Internationalen net unerkannte Memberstaat
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Angola&oldid=2555350
Kategorie:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp