DëseGeographiesartikel iwwerEuropa ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Andorra gouf den8. September1278 gegrënnt an ass a senge Grenzen zanterhier net changéiert.[2]
D'Funktioun vum Staatschef ass historesch an zwee gedeelt. Fréier waren de Grof vuFoix am Norden an deBëschof vun Urgell am Süden zesumme fir d'Land zoustänneg. Wéi de Kinnek Henri vunNavarra, deen och Grof vu Foix war, alsHenri IV Kinnek vu Frankräich gouf, hunn déi franséisch Herrscher, respektiv Presidenten d'Roll vum fréiere Grof vu Foix iwwerholl. Haut sinn deemno de franséische President an de Bëschof vun Urgell allebéid Koprënze vun Andorra. Hir Roll ass allerdéngs éischter representativ a symbolesch.
Andorra huet 85.580 Awunner (31. Dezember 2015[1]), dovu sinn:
Katalanen: 29 535 (36,4%),
Spuenier: 27 638 (34%),
Portugisen: 15 789 (15,7%),
Fransousen: 5 104 (6,3%),
Anerer: 6 156 (7,6%).
All Joer wiisst d'Bevëlkerung ëm 5,0%. Am Duerchschnëtt ginn d'Leit 83,5 Joer al. Vun de Bëbeeë stierwen der 0,6%, a vun de Kanner 0,7%. 95% vun der Populatioun lieft a Stied. Den Duerchschnëttsalter läit bei 40,34 Joer.