D'Lurchen, och nachAmphibië genannt, sinn eng Klass vun deWierbeldéieren (Vertebrata) mat ronn 6200 bekannten Aarten.
Hire wëssenschaftlechen Numm kënnt vum griicheschenἀμφί, amphi = op béid Säiten anβίος, bios = Liewen. Dëst kënnt dohier well d'Larven, oderKauzekäpp vun deene meeschte Lurchen am Waasser liewen, duerno awer, no engerMetamorphos, d'Waasser verloosse fir um Land ze liewen.
Vill erwuesse Lurche liewen awer weider souwuel am Waasser wéi um Land. Alleguer musse s'op fiichte Plaze liewen, fir hire Kierper virun ze groussem Waasserverloscht ze schützen.