D'Zeeche geet op dephenizesche Buschtafalef zeréck, deen ursprénglech e Stéierkapp duergestallt huet. Wann een e groussen Alpha op de Kapp stellt oder e klengen ëm 90 Grad géint den Auerzärersënn dréint, kann ee nach gutt e Stéierkapp erkennen.
Aus dem selwechten Zeechen hu sech denhebräeschenaleph an denarabeschenalif entwéckelt, aus dem griichesche Buschtaf delaténgeschenA an doraus och dekyrilleschen A.
Den Alpha ass den éischte Buschtaf vum griicheschen Alphabet, dofir steet Alpha fir „Ufank“, nach méi symbolesch fir „Geescht“ (ëmgangssproochlech och dat „Héchst“, „Gréisst“, „Bescht“)
Beta ass den zweete Buschtaf, doduerch kënnt d'WuertAlphabet
Omega ass de leschte Buschtaf: D'Riedensaart »denA an O« (eigentlech: »den Ἄλφα an den Ὠμέγα«) bedeit „Ufank an Enn“, „Alles“, „Gott“. Och d'Riedensaart »en A fir en O virmaachen« „d'Tatsaache verdréinen“ bezitt sech dorop.
Alpha ass och d'ZuelEent vum griicheschen Zifferesystem, doraus leede sech Fachausdréck of:
Sou schwätzt een aRanguerdnunge vumAlpha-Déier als dem ranghéchsten oder Leetdéier, an entspriechend vumOmega-Déier fir déi rangniddregst Stuf.
An der Software-Entwécklung ass d'Alpha-Versioun eng éischt laffäeg Programmversioun.
An derMedezin eng Gehierwellenaart vun engem gewësse Frequenzberäich.
An der Molekularbiologie d'Ofkierzung vunAnti- als Bezeechnung fir en Zil-Epitop.
An derFinanzmaarttheorie bezeechent α alsAlphafacteur (Jensen-Alpha) d'Mooss fir eng Extra-Rendit (positiven Alpha) oder eng Mannerrendit (negativen Alpha).