EngAllegorie (vumalgr.: ἄλλον / állon, "eppes anescht" an ἀγορεύειν / agoreúein, "ëffentlech schwätzen") ass e Stilmëttel, an der Literatur oder an der Konscht, fir eppes (meeschtens eppes Abstraktes, wéi eng Iddi oder e Konzept) duerch eppes Konkreetes (eng Persoun, en Déier oder Géigestand) duerzestellen.
Bekannt Allegorien sinn z. B. d'Nationalallegorien, wéi d'Marianne fir Frankräich, d'Germania fir Däitschland, deRoude Léiw fir Lëtzebuerg, asw., oder awer déi vu Wäerter oder Konzepter, wéi d'Justitia (fir d'Gerechtegkeet, déi duerch eng Fra mat verbonnenen Aen (Onparteilechkeet), engerWo (genee Ofstëmmung) an engerm Schwäert (Duerchsetzungskraaft) an der Hand symboliséiert gëtt), d'Fräiheet (dacks eng Fra mat gesprengte Fesselen), der Doud (duerch e Schankemännche mat enger Séissel symboliséiert), asw. Och Flëss oder Stied ginn dacks duerch Allegorië representéiert.
D'Justitia - Gerechtegkeet
La Liberté guidant le Peuple - Fräiheet
D'Germania - Däitschland
Stroossbuerg op der Paräisser Gare de l'Est
Den Triumph vun der Geschicht iwwer d'Zäit