DenAlexander Dubček, gebuer de27. November1921 zuUhrovec an der deemolegerTschechoslowakei (hautSlowakei), a gestuerwen de7. November1992 zuPrag, war en tschechoslowakeschen a méi spéit slowakeschePolitiker.
Hie war vun 1963 bis 1968 Éischte Sekretär vun der Kommunistescher Partei vun der Slowakei a gouf du Generalsekretär vun derKommunistesch Partei vun der Tschechoslowakei. An där Funktioun war hien, als mächtegste Politiker vum Land, d'Haaptfigur vum sougenanntePrager Fréijoer, enger Reformbeweegung, déi de kommunistesche Regimm méi tolerant an op maache wollt (d'Leitmotiv war deemools "Sozialismus mat mënschlechem Gesiicht").
Dës Beweegung gouf am August 1968 vun den Truppe vumWarschauer Pakt ermëlzt, an den Dubček gouf gezwongen, mat alle politeschen Aktivitéiten opzehalen. Am Hierscht 1989 huet hie sech der antikommunistescher Oppositioun ugeschloss a gouf zesumme mam TschechVáclav Havel eng vun den Haaptfigure vun derSamette Revolutioun. Als Resultat dovu gouf den Dubček zum President vum federalen tschechoslowakesche Parlament (1989–1991) gewielt. 1992 gouf hie President vun der Sozialdemokratescher Partei vun der Slowakei.
Den Dubček ass de 7. November 1992 un de Suite vun engem Autosaccident gestuerwen, kuerz ier e méiglecherweis zum zukünftege slowakesche Staatspresident hätt kënne gewielt ginn.
- Tomáš Ferenčák:Dubček - kontroverzná osobnosť, Kalligram, Bratislava 2011,ISBN 978-80-8101439-0 (slowakesch).
- Rene Schreiber:Alexander Dubček und Wladyslaw Gomułka: ein Vergleich, AVM, München 2010,ISBN 978-3-89975-838-2 /ISBN 978-3-86924-805-9.
- William Shawcross:Dubček. Simon and Schuster, New York, 1970,ISBN 0-671-20841-1, revided and updated english edition: Simon & Schuster, New York, NY 1990,ISBN 0-671-72871-7 andISBN 0-671-72870-9).