DenAlbrecht Dürer, gebuer den21. Mee1471 zuNürnberg an och do de6. Abrëll1528 gestuerwen, war endäitsche Moler,Graphiker an Auteur.
Bei sengem Papp, deen ausUngarn war, huet den Albrecht Dürer d'Handwierk vumGoldschmadd geléiert an ass duerno beim Nürnberger MolerMichael Wolgemut an d'Léier gaangen. Wärend enger fënnefjäreger Wanderschaft (Mëttelrhäin,Holland,Basel aStroossbuerg) huet hie seng Fäegkeete perfektionéiert.
1494 koum den Albrecht Dürer op Nürnberg zeréck, huet d'Agnes Frey bestuet, an huet seng éischt Rees anItalie gemaach.
1498, nodeem hie säin eegenen Atelier ageriicht hat, ass säin éischte Graphikzyklus, 15Holzschnëtter iwwer d'Apokalyps erauskomm.
Den Dürer huet de Schwéierpunkt a sengem weidere Schaffen op déireliéis Theeme geluecht.
Vu 1512 un huet den Dürer vill fir de KeeserMaximilian I. geschafft, virun allem d'Randzeechnunge vum keeserleche Gebietbuch.