Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Alan Shepard

Vu Wikipedia
Alan Shepard
Den Alan Shepard
KategorieAstronaut
LandUSA
AgenturNASA
Auswiel2. Abrëll1959
(1. NASA-Grupp)
Zuel vu Flich2
Éischte Start5. Mee1961
Lescht Landung9. Februar1971
Dauer9d 0h 16min
1. MissiounMercury-Redstone 3
2. MissiounApollo 14
opgehalenAugust1974

DenAlan Bartlett "Al" Shepard, Jr., gebuer den18. November1923 zuEast Derry,New Hampshire,Vereenegt Staaten, a gestuerwen den21. Juli1998 zuMonterey,Kalifornien, USA, war den éischtenAstronaut vun de Vereenegte Staaten amWeltraum, a bei enger spéiderer Missioun de fënnefte Mënsch um Äerdmound.

Karriärufank

[änneren |Quelltext änneren]

De Shepard war en exzellente Schüler. Faszinéiert vun de Fliger ass hie reegelméisseg als Bouf mam Vëlo op den nächste Fluchhafe pedalléiert, wou hie Geleeënenheetssaarbechte gemaach huet, fir heiansdo an engem Fliger matfléien ze kënnen.

1941 huet hie säi Schoulofschloss an derAdmiral Farragut Academy zuToms River,New Jersey gemaach. Vun1941 bis1944 huet hien op derUnited States Naval Academy zuAnnapolis,Maryland studéiert. Bis zum Enn vumZweete Weltkrich huet hien dann an derUS-Marinn um ZerstéiererCogswell amPazifik gedéngt.

Nom Krich gouf hien als Pilot ausgebilt a war dunn als Marinn-Pilot, ënner anerem opFligerdréier amMëttelmier.

Am Joer1950 huet de Shepard d'Ausbildung als Testpilot zuPatuxent River,Maryland ugefaangen. Nom Ofschloss1951 huet hie verschidde Kampfjets getest an huet ënner anerem Landetechnike fir déi neiFligerdréier mat ofgewénkelte Landebunnen ausgeschafft. Nodeems hie schonn1944 säi Bachelor of Science op der United States Naval Academy gemaach hat, koum hien op deNaval War College zuNewport, wou hien1957 e Master of Arts krut. Hien hat och en ettlech akadeemesch Éierentitelen.

Den éischten Amerikaner am Weltall

[änneren |Quelltext änneren]
Alan Shepard virum Start vun derFreedom 7

De Shepard huet zu den 110 Militär-Testpilote gehéiert, déi vun derNASA als potentiell Astronauten ausgewielt goufen, woubäi awer d'Aluedung un de Shepard verluer gaange war. Trotzdeem huet hien zu de siwe(Mercury Seven) gehéiert, déi den9. Abrëll1959 vun der NASA als Amerikas éischt Astronautegrupp virgestallt goufen.

Den21. Februar1961 gouf de Shepard gewuer, datt hie fir den éischte bemannte Fluch vumMercury-Raumschëff virgesinn war. Dës Nochriicht gouf awer nach net publizéiert.

De Start vun der MissiounMercury-Redstone 3 (Mercury-Kapsel MR-3) ass dann de5. Mee1961 erfollegt. De Shepard hat dem Raumschëff den Numm Freedom 7 ginn. De Fluch war net als Äerdëmkreesung geplangt, mä alssuborbital ballistesch Fluchbunn, hien hat eng Héicht vun 187 km erreecht. No 15 Minutten an 22 Sekonnen ass d'Freedom 7 sécher amAtlantik gelant. Domat war hien nomJuri Gagarin aus derSowjetunioun, deen d'Äerd den 12. Abrëll an 106 Minutten eemol ëmkreest hat, den zweete Mënsch am Weltraum.

Bei de béiden nächste Mercury-Missiounen den21. Juli1961 an20. Februar1962 war de Shepard als Verbindungsspriecher (Capcom) bedeelegt.

Fir déi lescht Missioun am Mercury-Programm,Mercury-Atlas 9, war hien als Ersatzpilot virgesinn, am Fall wann deGordon Cooper ausfale soll, de Fluch gouf awer de 15. a16. Mee1963 ouni Problemer gemaach.

De Shepard hat drop gedrängt, datt dat lescht verbliwwe Mercury-RaumschëffMercury 10 fir e Laangzäitfluch benotz soll ginn, mat sech als Pilot an de Cooper als Ersatz. Hien hat d'Raumschëff esouguer mam Schrëftzuch „Freedom 7 II“ bemole gelooss, mä d'NASA hat entscheet, datt alles op deGemini-Programm konzentréiert soll ginn, soudatt de Shepard net zu der erhoffter Äerdëmkreesung koum.

Kee Gemini-Fluch fir de Shepard

[änneren |Quelltext änneren]

De Shepard war fir de Fluch mam Gemini-Raumschëff,Gemini 3 als Kommandant nominéiert.Hien hat scho mamTom Stafford den Training opgeholl, mä duerch e gesondheetleche Schued um lénkse BannenouerMenière-Syndrom konnt hien net weidermaachen. En ze groussen Drock vun der Flëssegkeet am Bannenouer féiert dobäi zu Stéierunge vumGläichgewiichtssënn, Schwindelgefiller an Iwwelkeet, wat schlecht fir de Fluch gewiescht wier.

Am Mäerz1966 leet hien de Comitee, deen de Fligerofstuerz ënnersiche soll, bei deem d'AstronautenElliot See anCharles Bassett den Doud fonnt haten.

De Fluch op den Äerdmound

[änneren |Quelltext änneren]
De Shepard um Äerdmound (1971)

Ufank1969 huet de Shepard sech um Ouer operéiere gelooss. Am Mee war hien nees komplett kapabel fir e Fluch, soudatt hie mat der Ausbildung am Kader vumApollo-Programm weidefuere konnt. D'Leedung vum Astronautebüro hat denTom Stafford kritt.

De Shepard war fir d'éischt als Kommandant vun derApollo-13-Missioun virgesinn, déi am Abrëll1970 starte soll, awer den NASA-Management hat drop gedrängt, him méi Zäit fir d'Virbereedung ze ginn, well hie laang keen Astronautentraining méi hat. Dofir gouf de Shepard zesumme mamStuart Roosa an demEdgar Mitchell opApollo 14 verluecht.

Dee Moundfluch war du vum 31. Januar (drëtt Moundlandung de5. Februar1971) bis den9. Februar1971. De Shepard war zu deem Zäitpunkt scho 47 Joer al, bei Wäitem den eelste vun alle Moundfuerer. Hie war den éischte Mercury-Astronaut, deen et bis op den Äerdmound gepackt hat, an hie sollt den eenzege bleiwen. Wéi hien um Mound getrëppelt ass, sot hien: "Den Al ass op der Uewerfläch, an et war e wäite Wee, mä mer sinn hei".

Den Al Shepard goung och als éischte Golfspiller um Mound an d'Geschichtsbicher an. Hien hat zwéi Golfbäll mat op de Mound bruecht, an ausserdeem ensechster Eisen, dat hie provisoresch un engem geologeschen Instrument festgemaach hat. Wéinst dem steife Raumgezei huet hie misse mat enger Hand schloen. Den éischte Ball hat hie verfeelt, fir en dann am zweete Versuch een oder zwéi Meter virunzebréngen. Den drëtte Schlag huet du getraff, a mat engem véierte Schlag konnt hien den zweete Ball e puer honnert Meter méi wäit schloen.

Bei de follgende MoundflichApollo 15 am Juli1971 anApollo 17 am Dezember1972 war de Shepard dunn als Verbindungsspriecher (Capcom) an der Fluchleedung.

Nom Moundfluch

[änneren |Quelltext änneren]

Am Juni1971 hat hien d'Aarbecht als Leeder vum Astronautebüro nees opgeholl. VumUS-President Nixon gouf hien am Juli zum Delegéierte fir d'UN-Vollversammlung ernannt a blouf vu September bis Dezember 1971 op där Plaz.

Den1. Dezember1971 gouf hie vun der US-Marinn zumKonteradmiral ernannt.

De Shepard ass den31. Juli1974 aus der NASA an aus der US-Marinn ausgetratt, an huet d'Leedung vum Astronautebüro un denJohn Young ginn. De Shepard huet sech dunn op seng Aarbecht als Geschäftsmann konzentréiert, déi hie schonn zu Astronautezäiten zumMillionär gemaach hat.

Hie gouf President vun der Marathon Construction Corp. zuHouston an der Windward Distributing Company a war am Opsiichtsrot vun ettleche Firmen.

Seng Firma Seven Fourteen Enterprises (genannt nom Freedom 7 an Apollo 14) war d'Holding vu senge geschäftlechen Aktivitéiten.

Zesumme mat den anere Mercury-Astronauten an der Betty, der Wittfra vumGus Grissom, hat hien1984 d'Mercury Seven-Stëftung gegrënnt, déiStipendien u Studente vergëtt. Am Joer1995 gouf d'Stëftung anAstronaut Scholarship Foundation ëmgenannt an de Shepard gouf President, bis hie seng Plaz am Oktober1997 un de fréieren AstronautJim Lovell ofginn huet.

1996 gouf festgestallt, datt den Alan Shepard u Leukemie erkrankt war, wourun hien am Joer1998 am Alter vu 74 Joer gestuerwen ass. Seng Fra Louise, mat där hien 53 Joer laang bestuet war, ass nëmmen ee Mount méi spéit och gestuerwen. Si hannerloossen zwee Meedercher: Laura (* 1947) a Juliana (* 1951). D'Shepards hunn ausserdeem och d'Nies Alice opgezunn, sou datt déi och dacks als Duechter bezeechent gëtt.

Zesummefaassung vun de Raumflich

[änneren |Quelltext änneren]
Nr.MissiounFunktiounFluchdatumFluchdauer
1Mercury-Redstone 3Kommandant5. Mee – 5. Mee 19610d 0h 15m
2Apollo 14Kommandant31. Januar – 9. Februar 19719d 0h 01m

Zu senger Persoun

[änneren |Quelltext änneren]

Den Alan "Al" Shepard huet als eng vun de schwieregste Persoune vum ganzen Apollo-Programm gegollt.Am Astronaute-Korps war d'Meenung iwwer hie gedeelt. Seng Kolleegen hate Respekt an Unerkennung, awer och vill Näid géint seng Persoun.

Besonnesches a Rekorder

[änneren |Quelltext änneren]
  • Éischten Amerikaner am Weltall (Mercury-Redstone 3)
  • Eelste Mënsch um Äerdmound (Apollo 14)
  • Eenzege Mercury-Veteran um Äerdmound (Apollo 14)
  • Éischte Golfspiller um Äerdmound (Apollo 14)
  • Éischte Grousspapp um Äerdmound (Apollo 14)

Éierungen

[änneren |Quelltext änneren]

De Shepard gouf1977 als zweete Raumfuerer an d'National Aviation Hall of Fame opgeholl.1978 krut hien als sechsten Astronaut d'Congressional Space Medal of Honor.

Am Dezember2006 gouf e Versuergungsfrachtschëff vun der US Navy no him genannt:USNS Alan Shepard (T-AKE-3).

De4. Dezember2008 gouf amKreideséi Hemmoor engPiper 28 kontrolléiert versenkt. Si hat fréier dem Shepard gehéiert a kann elo an enger Déift vu knapps 10 m bedaucht ginn.

Fir de 50-jährege Jubiläum vu senger éischter Rees an de Weltall hat d'US-Post am Joer2011 en Timber mam Bild vum Alan Shepard erausbruecht.[1]

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Alan Shepard – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Erster Amerikaner im Weltraum geehrt in:NZZ Online vum5. Mee2011
Autoritéitskontroll
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Alan_Shepard&oldid=2543063
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp