De legendären amerikanesche Gangsterboss hat italieenesch Originnen an ass an de Slums vun New York opgewuess.
1920 ass hien opChicago geplënnert an huet sech do der Gangsterband vum John Torrio ugeschloss. Déi Band krut hir Suen haaptsächlech aus dem Glécksspill, der Prostitutioun an aus illegale Bistroten, déi zur Zäit vun derProhibitioun (1920 bis 1933) ganz grouss Gewënner gemaach hunn. Ausserdeem gouf de räiche Geschäftsleit de "Schutz" vun der Band opgezwongen, natierlech nëmme géint Bezuele vun enger héijer "Assuranceprimm".
No der Flucht vum John Torrio, gouf den Al Capone deem säi Successeur. Hie soll eng ganz Rei brutal Muerde begaangen hunn, déi d'Police him awer ni noweise konnt.
1931 konnt him just Steierhannerzéiung nogewise ginn.