Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Agora als Plaz am ale Griicheland. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl.Agora (Homonymie).
D'Agora zuTyros am haitegeLibanon, Ausgruewunge vun Al Mina.
Amanticke Griicheland war d'Agora (αγορά) d'Versammlungsplaz vumMaart vun derPolis. D'Händler a Verkeefer op der Agora goufeKapeloi genannt. D'Agora war en essentiellen Deel am Konzept vun der Polis an denAristoteles ass souguer sou wäit gaangen, datt hien d'Barbaren onziviliséiert genannt huet, well si keng Agora haten.
D'Agora vunAthen war awer net nëmmen eng Maartplaz, mä och de Sëtz vun dendemokrateschen Institutiounen. Hei stoungen deBouleuterion, wou d'Boulè, de Rot vun de 500, seng Gesetzer virbereet huet, déi vun der Versammlung gestëmmt goufen.An derTholos hunn een Zéngtel vun de Bouleuten Dag an Nuet eng Permanence gehat, bis si vu 50 aneren ersat goufen. Op der athenescher Agora war och d'Heliaia, d'Volleksgeriicht, ze fannen.
D'Agora war den Zentrum vum soziale Liewen. Hei ass ee spazéiert an huet ënner Frënn philosophéiert, virun allem am Schiet vun derStoa Poikilè.