D'Afrikanesch Entwécklungsbank (op Franséisch:Banque africaine de développement oder kuerzBAD; op Englesch:African Development Bank oder kuerzAfDB) ass eng regional, multilateral Entwécklungsbank fir denafrikanesche Kontinent mat Sëtz zuAbidjan an derCôte d'Ivoire. Hiert Zil ass d'wirtschaftlech an d'sozialpolitesch Entwécklung am afrikanesche Raum duerch d'Finanzéierung vu bestëmmte Projete virunzedreiwen. Dobäi ginn d'Prioritéiten op déi méi aarm Länner a spezifesch Secteure gesat, wéi zum BeispillInfrastruktur,Landwirtschaft oder de private Secteur.
D'Ofkommes fir d'Bank ze grënnen, gouf de 4. August 1963 zuKhartum amSudan adoptéiert an dräi Joer méi spéit, den 1. Juli 1966, huet se ugefaange mat schaffen.[1] Obwuel d'AfDB ufanks als puer afrikanesch Institutioun gegrënnt gouf, ass 1979 decidéiert ginn, och net-afrikanesch Länner zouzeloosse fir sou Zougank zu weidere Kapitalquellen ze hunn. Wéinst der Resistenz vu verschiddene Länner, dorënnerNigeria anAlgerien, ass déi Entscheedung awer eréischt 1982 ëmgesat ginn.
Nieft den uewe genannte Prioritéitssecteure vergëtt d'AfDB och Kreditter un déi finanziell méi staark Staaten, haaptsächlech an Nordafrika. Zousätzlech gëtt et am Grupp vun der AfDB nach déi separat Entitéite vum Afrikaneschen Entwécklungsfong (Fonds africain de développement;African Development Fund) a vum Nigeria Trust Fund (Fonds spécial du Nigéria).
Den afrikaneschen Entwécklungsfong gëtt aarme Länner Kreditter zu konzessionäre Konditiounen an huet als Zil d'Aarmutsreduktioun. D'Sue fir dee Fong kommen ausschliisslech vun net-afrikanesche Staaten. Den Nigeria Trust Fund ass 1976 mat engem Accord tëscht dem AfDB Grupp an der nigerianescher Regierung mam Zil geschaf ginn, d'Entwécklungsefforte vun der Bank hire Membere mat niddregem Akommes z'ënnerstëtzen. Haut spillt dee Fong awer nëmmen nach eng manner wichteg Roll.
Déi éischt Hallschent vun den 1990er Jore war fir d'AfDB vu Krise markéiert, well d'Bank duerch héich Verloschter, politesch Muechtspiller an onduerchsichtegem Management u Reputatioun verluer huet a massiv vun Ausse kritiésiert ginn ass. No 1995 ass d'Bank ënner der Leedung vum MarokanerOmar Kabbaj staark reforméiert ginn, wat hire Leeschtungprofil an hir Kredibilitéit bedéitend verbessert huet. 2005 bis 2015 war deruandeschen EkonomistDonald Kaberuka President vun der AfDB. Zanterdeems ass denAkinwumi Adesina President.
NomPutsch an der Côte d'Ivoire huet d'AfDB hir Operatiounen temporär opTunis verluecht. De komplette Retour op Abijan ass fir 2014 ugekënnegt.[2]
Am Ablack (Stand 2023) sinn 82 Länner Member vun der Bank, dorënner alleguer d'afrikanesch an 28 net-afrikanesch Länner. Um 31 Dezember 2010 huet d'AfDB Suen am Wäert vun ongeféier 12,06 MilliardenUS-Dollar géréiert, dovun ëm déi 7,05 Milliarden USD an de verschiddene Portefeuilleë vun der AfDB selwer an 4,94 Milliarden USD am Afrikaneschen Entwécklungsfong.[3]
Am Juni 2013 huet de Lëtzebuerger Regierungsrot e Gesetzesprojet adoptéiert, deen d'Adhésioun vu Lëtzebuerg zur Afrikanescher Entwécklungsbank virgesinn huet. Fir Member bei der Bank ze ginn muss e Land gläichzäiteg Member beim Afrikaneschen Entwécklungsfong ginn.[4] Den 10. Mee 2014 hunn de FinanzministerPierre Gramegna an de Bankpresident Donald Kaberuka zu Lëtzebuerg den Accord iwwer d'Memberschaft ënnerschriwwen, an deem festgehale gouf datt Lëtzebuerg iwwer déi nächst 8 Joer 25 Milliounen Euro wäert investéieren.[5]