Afrika zesummegesat Satellittebild vun Afrika (NASA)
Geographie Geographesch Lag Nordhallefkugel ,Südhallefkugel Besteet aus Nordafrika,Zentralafrika ,Westafrika , Südlecht Afrika, Ostafrika Länner 55 Fläch 29.648.481 km² Héchste Punkt Kibo (5.895 m) Déifste Punkt Afar-Dräieck (-135 m) Gréisst Waasserfläch Victoriaséi Demographie Awunner 1.549.862.036(2025) Bevëlkerungsdicht 51,12/km² Bevëlkerungsräichst Regioun Lagos Aner Informatiounen Zäitzon UTC−1, UTC±0, UTC+1, UTC+2, UTC+3, UTC+4 Sproochen > 1000 Sproochen Regiounen an Afrika (blo: Nordafrika, gréng: Westafrika, rosa: Zentralafrika, orange: Ostafrika, rout: Südlecht Afrika)
Afrika ass deen zweetgréissteKontinent . En ass dräimol méi grouss wéiEuropa an huet eng Fläch vun 30,72 MilliouneQuadratkilometer , wat 20,36 % vun der Landfläch vun derÄerd ausmécht. Et ass och de Kontinent mat der zweethéchster Bevëlkerung: geschaten 1,55 Milliarde Mënschen (19,36 % vun der Weltbevëlkerung) liewen an Afrika[ 1] .
Afrika ass den eenzege Kontinent, deen an alle véierHemisphäre läit.
Am Weste vun Afrika läit denAtlantik , am Osten denIndeschen Ozean an d'Rout Mier an am Norden d'Mëttelmier . D'Küstelängt ass 30.490 km laang.
Déi eenzeg Landverbindung mat anerem Festland ass iwwer d'Sinai-Hallefinsel , déi tëscht Afrika an derArabescher Hallefinsel läit an eng Verbindung matEurasien hierstellt.
De südlechste Punkt vun Afrika ass deKap Agulhas op 34°50' Süd.
Déi gréisst Waasserfläch an Afrika ass deVictoriaséi (en Deel vunTansania ,Uganda aKenia .) mat enger Fläch vun 68.100 km². De längste Floss an Afrika ass denNil , mat enger Längt vu 6.650 km.
Déi fënnef héchst Bierger vun Afrika sinn:
Bierg Keegel Héicht [m] Staat Kilimanjaro -MassivKibo (Uhuru Peak) 5.895 Tansania Mount-Kenya-Massiv Batian 5.199 Kenia Ruwenzori-Gebirge Margherita Peak 5.109 DR Kongo, Uganda Héichland vun Abessinien Ras Daschän 4.533 Ethiopien Virunga-Vulkaner Karisimbi 4.507 Ruanda, DR Kongo, Uganda
Déi eelst bekannt Spuere vum mënschleche Liewe goufen an Afrika fonnt. Et gëllt als sécher, datt sech vun hei aus als éischt denHomo erectus a méi spéit den anatomesch moderne Mënsch (Homo sapiens ), an Asien an Europa verbreet hunn. Deementspriechend goufen och dat eelst stengent Geschier an Afrika entdeckt: einfachtOldowan -Geschier aus demEarly Stone Age , déi an Europa alsAlpaleolithikum bekannt ass.
675 Milliounen Awunner maachen 19,36 % vun der ganzerWeltbevëlkerung aus[ 1] .
Et gëtt iwwer 1000 eegestännegSproochen an Afrika, dovu ginn déi 50 gréisser vu jeeweils iwwer enger Millioun Leit geschwat.
Déi wichtegstSproochen , no Sproochefamillen agedeelt, sinn:
Den afrikanesche Kontinent ass dee mat deene meeschte gescheiterte Staaten. Et gëtt nach ëmmer vill Länner, an deenen d'Mënscherechter oder d'Demokratie kleng geschriwwe ginn. Zanter derGrënnung vun derAfrikanescher Union (AU) besteet d'Hoffnung, datt dës Problemer geléist kënne ginn.
Kakao : ongeféier 70 % vun der WeltproduktiounDiamanten : ongeféier 50 % vun der WeltproduktiounGold : ongeféier 25 % vun der WeltproduktiounPëtrol : ongeféier 10 % vun der WeltproduktiounAfrika ass a fënnef Regiounen opgedeelt:
Zum afrikanesche Kontinent gehéieren:
54 Memberstaate vun deVereenten Natiounen , 1 Staat déi nëmmen deels unerkannt ass, 11 Gebidder vun net-afrikanesche Staaten, 2 Territoiren déi vun enger anerer Natiounen ofhängeg sinn. D'Länner mat de meeschten Awunner sinnNigeria ,Ethiopien anEgypten iwwerdeems déi gréisst Länner (der Fläch no)Algerien , d'Demokratesch Republik Kongo an deSudan sinn.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel:Lëscht vun de Staate vun der Welt .
Nr Regioun Staat oder Territoire Offizielle Staatsnumm Haaptstad Amtssprooch(en) 1 Nordafrika Algerien Demokratesch Volleksrepublik Algerien Algier Arabesch,Kabylesch 2 Südlecht Afrika Angola Republik Angola Luanda Portugisesch 3 Westafrika Benin Republik Benin Porto Novo Franséisch 4 Südlecht Afrika Botswana Republik Botsuana Gaborone Englesch, Setswana 5 Westafrika Burkina Faso Burkina Faso Ouagadougou Franséisch 6 Zentralafrika Burundi Republik Burundi Gitega Englesch, Franséisch,Kirundi 7 Westafrika Cap Vert Republik Cap Vert Praia Portugisesch 8 Westafrika Côte d'Ivoire Republik Côte d'Ivoire Yamoussoukro (de jure) Abidjan (de facto)Franséisch 9 Ostafrika Dschibuti Republik Dschibuti Dschibuti Arabech, Franséisch 10 Nordafrika Egypten Arabesch Republik Egypten Kairo Arabesch 11 Zentralafrika Equatorialguinea Republik Equatorialguinea Malabo (de jure) Ciudad de la Paz (de facto) Portugisesch, Spuenesch, Franséisch 12 Ostafrika Eritrea Staat Eritrea Asmara Arabesch,Tigrinya 13 Südlecht Afrika Eswatini Kinnekräich Eswatini Mbabane (de jure) Lobamba (de facto) Englesch,Siswati 14 Ostafrika Ethiopien Demokratesch Bundesrepublik Ethiopien Addis Abeba Amharesch 15 Zentralafrika Gabun Gabunesch Republik Libreville Franséisch 16 Westafrika Gambia Republik Gambia Banjul Englesch 17 Westafrika Ghana Republik Ghana Accra Englesch 18 Westafrika Guinea Republik Guinea Conakry Franséisch 19 Westafrika Guinea-Bissau Republik Guinea-Bissau Bissau Portugisesch 20 Zentralafrika Kamerun Republik Kamerun Yaoundé Englesch, Franséisch 21 Ostafrika Kenia Republik Kenia Nairobi Englesch, Swahili 22 Ostafrika Komoren Unioun vun de Komoren Moroni Arabesch, Franséisch,Komoresch 23 Zentralafrika Demokratesch Republik Kongo Demokratesch Republik Kongo Kinshasa Franséisch 24 Zentralafrika Republik Kongo Republik Kongo Brazzaville Franséisch 25 Südlecht Afrika Lesotho Kinnekräich Lesotho Maseru Englesch,Sesotho 26 Westafrika Liberia Republik Liberia Monrovia Englesch 27 Nordafrika Libyen Libyen Tripolis Arabesch 28 Ostafrika Madagaskar Republik Madagaskar Antananarivo Franséisch,Malagasy 29 Südlecht Afrika Malawi Republik Malawi Lilongwe Chichewa , Englesch30 Westafrika Mali Republik Mali Bamako Franséisch 31 Nordafrika Marokko [ 2] Kinnekräich Marokko Rabat Arabesch,Marokkanescht Tamazight 32 Nordafrika Mauretanien Islamesch Republik Mauretanien Nouakchott Arabesch 33 Ostafrika Mauritius Republik Mauritius Port Louis Englesch 34 Südlecht Afrika Mosambik Republik Mosambik Maputo Portugisesch 35 Südlecht Afrika Namibien Republik Namibia Windhoek Englesch 36 Westafrika Niger Republik Niger Niamey Englesch,Hausa ,Igbo ,Yoruba 37 Westafrika Nigeria Bundesrepublik Nigeria Abuja Englesch, Franséisch,Kinyarwanda , Swahili 38 Ostafrika Ruanda Republik Ruanda Kigali Englesch 39 Südlecht Afrika Sambia Republik Sambia Lusaka Englesch 40 Zentralafrika São Tomé a Príncipe Demokratesch Republik São Tomé a Príncipe São Tomé Portugisesch 41 Westafrika Senegal Republik Senegal Dakar Franséisch 42 Ostafrika Seychellen Republik Seychellen Victoria Englesch, Franséisch,Seychellenkreol 43 Westafrika Sierra Leone Republik Sierra Leone Freetown Englesch 44 Südlecht Afrika Simbabwe Republik Simbabwe Harare Chichewa , Chibarwe, Englesch, Kalanga,Khoisan , Nambya, Ndau,Nord-Ndebele ,Shangani ,Sotho ,Shona ,Chitonga ,Setswana ,Tshivenda ,IsiXhosa 45 Ostafrika Somalia [ 3] Republik Somalia Mogadischu Arabesch,Somali 46 Südlecht Afrika Südafrika Republik Südafrika Bloemfontein (Judikativ) Kapstad (Legislativ) Pretoria (Exekutiv) Afrikaans , Englesch,Süd-Ndebele ,isiXhosa ,isiZulu ,Nord-Sotho , Sesotho, Setswana,Siswati ,Tshivenda ,Xitsonga 47 Ostafrika Sudan Republik Sudan Khartum Arabesch, Englesch 48 Ostafrika Südsudan Republik Südsudan Dschuba Englesch 49 Ostafrika Tansania Vereenegt Republik Tansania Dodoma (de jure) Daressalam (de facto) Englesch, Swahili 50 Westafrika Togo Republik Togo Lomé Franséisch 51 Zentralafrika Tschad Republik Tschad N'Djamena Arabesch, Franséisch 52 Nordafrika Tunesien Tuneesesch Republik Tunis Arabesch 53 Ostafrika Uganda Republik Uganda Kampala Englesch, Swahili 54 Zentralafrika Zentralafrikanesch Republik Zentralafrikanesch Republik Bangui Franséisch,Sango
Nr Regioun Staat oder Territoire Offizielle Staatsnumm Haaptstad Amtssprooch(en) 1 Nordafrika Westsahara [ 4] Demokratesch Arabesch Republik Sahara Ajun (de jure) Tifariti (de facto) Arabesch, Spuenesch
Kontinenter Kontinentkomplexer
↑1,0 1,1 (en) Africa Population 2025 . worldpopulationreview.com . Gekuckt den 18.07.2025.↑ ouni Westsahara ↑ inklusiv Somaliland ↑ Anescht wéi d'AU als Ganzt, erkennt d'Majoritéit vun de Memberstaaten d'Republik net un (just 19 AU-Staaten erkennen s'un, 17 weiderer hunn hir ursprénglech Unerkennung zeréckgezunn). D'Gebitt ass bal komplett ënner der Kontroll vu Marokko.