Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Adolf Hitler

Vu Wikipedia
Adolf Hitler
Gebuer20. Abrëll1889
Braunau am Inn
Gestuerwen30. Abrëll1945
Berlin
DoudesursaachKappschoss
NationalitéitÉisträich, keng,Däitscht Räich,Däitscht Räich 1933–1945
EducatiounKollegiatstift Lambach,
Bundesrealgymnasium Linz
AktivitéitPolitiker
AuteursrechterAuteursrechter sinn ofgelaf
ParteiNSDAP
Famill
Bestuet matEva Braun (29.4.1945–30.4.1945)
Liewenspartner(in)Maria Reiter (1920–1920),
Eva Braun (1930–29.4.1945),
Geli Raubal (1920–18.9.1931)
PappAlois Hitler
MammKlara Pölzl
GeschwësterIda Hitler, Paula Hitler, Edmund Hitler, Alois Hitler, Jr., Angela Hitler
KannerJean-Marie Loret

DenAdolf Hitler, gebuer den20. Abrëll1889 zuBraunau am Inn anÉisträich, a gestuerwen den30. Abrëll1945 zuBerlin am sougenannteFührerbunker duerchSuizid, war zanter1921 "Führer" vun derNSDAP, zanter1933Reichskanzler an zanter1934 als "Führer a Reichskanzler" gläichzäiteg Staatschef a Regierungschef vumDäitsche Räich.

Den Hitler huet anDäitschland déinationalsozialisteschDiktatur vum "Drëtte Räich" opgeriicht, huet allOppositiounsparteie verbidden a seng politesch Géigner verfollege gelooss. Hien huet denZweete Weltkrich entfesselt an déi systemateschEntrechtung anErmuerdung vun zirka 6 Milliounen europäescheJudden an anere Bevëlkerungsgruppen amHolocaust bedriwwen.

Säi Liewen

[änneren |Quelltext änneren]

Nodeem den Hitler ouni Erfolleg versicht hat op d'Konschtakademie vuWien opgeholl ze ginn, huet hien do als Konschtmoler gelieft.

Fir dem éisträichesche Militärdéngscht aus de Féiss ze goen, ass en opMünche gezunn.

Den Ausbroch vumÉischte Weltkrich huet den Hitler als Geleeënheet gesi, fir aus senger wéineg erfollegräicher Existenz erauszekommen. Hien huet sech fräiwëlleg bei d'Bayeresch Arméi gemellt a gouf schliisslech souguer fir säin Asaz als Meldegänger un der Westfront, wou hien e puermol verwonnt gouf, dekoréiert. Zum Schluss vum Krich hat hien de Grad vun engem Kaperol.

Nom Éischte Weltkrich huet den Hitler mat senger an der Ëffentlechkeet ausgedréckter Enttäuschung iwwer den Ausgank vum Krich, a mat senge Riede vun der däitscher Revolutioun, grouss Resonanz fonnt. Et louch him, fir an der Ëffentlechkeet ze polemiséieren, an hien huet et verstanen, duerch seng rhetoresch Begabung, Nolauschterer mat sengefaschisteschen anantisemitteschen Usiichten unzezéien. Hie gouf vun derMünchener Reichswehr als Riedner agesat.

1920 ass den Adolf Hitler Member vun der klenger Partei NSDAP ginn, wou e séier onentbierlech gouf, fir den Opbau an d'Organisatioun vun der Partei. Hien huet als Propagandariedner géint deVersailler Friddensvertrag, an d'Erfüllungspolitik vun der deemoleger däitscher Regierung gewiedert.

No laanger innepolitescher Diskussioun gouf den Adolf Hitler den 30. Januar 1933 vum PresidentHindenburg zum däitsche Kanzler ernannt. Allerdéngs huet e mam "Ermächtigungsgesetz" d'Weimarer Republik definitiv ofgeschaaft an Däitschland an eng Diktatur gefouert. Nodeems en et fäerdegbruecht hat, fir mat derSowjetunioun eenNichtangriffspakt (Ribbentrop-Molotov-Pakt) am August1939 auszehandelen, huet en den 1. September 1939 denZweete Weltkrich mat engen Iwwerfall opPolen ugefaangen.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Literatur

[änneren |Quelltext änneren]

Bibliographien

[änneren |Quelltext änneren]
  • Lukacs, John:Hitler. Geschichte und Geschichtsschreibung. Ullstein, Berlin 1999ISBN 3-548-26560-X (Roude Fuedem duerch d'Hitler-Literatur)

Biographien

[änneren |Quelltext änneren]
  • Wolfgang Zdral,Die Hitlers - Die unbekannte Familie des Führers; Frankfurt/Main (Campus Verlag), 2005. - 2008 bei Bastei-Lübbe am Täscheformat (Bd. 61631) nei opgeluecht; 256 S. (Ill.);ISBN 978-3-404-61631-2
  • Volker Ullrich,Hitler - Die 101 wichtigsten Fragen; München (C. H. Beck Verlag), 2019; 160 S. (Ill.);ISBN 978-3-406-73525-7
  • Olden, Rudolf:Hitler. Querido, Amsterdam 1935 (Nodrock: Fischer Taschenbuch Verlag, Frankfurt am Main 1984, mat engem Virwuert vum Werner Berthold).ISBN 3-596-25185-0
  • Heiden, Konrad:Hitler I Das Leben eines Diktators. Zürich 1936
  • Heiden, Konrad:Hitler II Ein Mann gegen Europa. Zürich 1937
  • Bullock, Alan:Hitler. Eine Studie über Tyrannei. Düsseldorf 1953 (däitsche Éischtausgaf); englesch Originalausgaf: Oxford 1951 (ëmfangräicht Quellematerial, Saach- a Persouneverzeechnis)
  • Gisevius, Hans Bernd:Adolf Hitler: Versuch einer Deutung. München 1963
  • Maser, Werner:Adolf Hitler Legende-Mythos-Wirklichkeit. München und Esslingen 1971
  • Fest, Joachim:Hitler. Eine Biografie. Frankfurt am Main, Berlin, Wien 1973
  • Toland, John:Adolf Hitler, Biographie 1889 - 1945. Bergisch Gladbach, Lübbe 1977.
  • Haffner, Sebastian:Anmerkungen zu Hitler. Fischer Taschenbuch Verlag, Frankfurt am Main 1978,ISBN 3-596-23489-1 (kuerz biographesch Etüd, déi dem Ian Kershaw no "mat hire siwe brillanten themateschen Essayen eng vun de beandrockensten Etüde vum NS-Diktator" bleift)
  • Hamann, Brigitte:Hitlers Wien. Lehrjahre eines Diktators. Piper, München 1996 (Wien 1907-1913: Die Jahre, die Hitler prägten)
  • Kershaw, Ian:Hitler 1889 - 1936. DVA, Stuttgart 1998 (Aus dem Engleschen)
  • Kershaw, Ian:Hitler 1936 - 1945. DVA, Stuttgart 2000 (Aus dem Engleschen)

Verschiddenes

[änneren |Quelltext änneren]
  • Fest, Joachim:Staatsstreich. Der lange Weg zum 20. Juli. Siedler, Berlin 1994
  • Goodrick-Clarke, Nicholas:Die okkulten Wurzeln des Nationalsozialismus. 2. Opl. Stocker, Graz und Stuttgart 2004
  • Graf von Krockow, Christian:Hitler und seine Deutschen. List, München 2001
  • Gellately, Robert:Backing Hitler. Oxford und New York 2001ISBN 0-19-820560-0
  • Schultze-Rhonhof, Gerd:1939 - Der Krieg, der viele Väter hatte. 2. Opl. Olzog, München 2003ISBN 3-7892-8117-4
  • Amery, Carl:Hitler als Vorläufer. Auschwitz - der Beginn des 21. Jahrhunderts?. Luchterhand, München 1998
  • Richardi, Hans-Günter:Hitler und seine Hintermänner - Neue Fakten zur Frühgeschichte der NSDAP. Süddeutscher Verlag, München 1991ISBN 3-7991-6508-8
  • Fabry, Philipp W.:Mutmaßungen über Hitler. Urteile von Zeitgenossen. Düsseldorf 1969
  • Turner, Henry A.:Hitlers Weg zur Macht. Der Januar 1933. Berlin 1999
  • Carmin, E. R.:Das schwarze Reich. Geheimgesellschaften und Politik im 20. Jahrhundert. Heyne, München 1997
  • Machtan, Lothar:Hitlers Geheimnis. Das Doppelleben eines Diktators. Alexander Fest Verlag, Berlin 2001ISBN 3-8286-0145-6 (en ëmstriddent Buch, dat d'Thes vum Hitler senger Homosexualitéit vertrëtt)
  • Pausewang, Gudrun:Adi: Jugend eines Diktators, Ravensburger, Ravensburg 1997 (E Roman (!), dee geduecht ass, fir jonke Leit dem Hitler seng Jugendzäit méi no ze bréngen)

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Adolf Hitler – Biller, Videoen oder Audiodateien
Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer denZweete Weltkrich.
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Adolf_Hitler&oldid=2549563
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp