Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

ASTRO-F

Vu Wikipedia

ASTRO-F ass e Weltraum-Infraroutteleskop vun derjapanescher RaumfaartagenturJAXA an Zesummenaarbecht mat derEuropean Space Agency,Groussbritannien,Holland aSüdkorea.

D'Plange fir de Satellit hunn1997 ugefaangen. Deen am Ufank fir2003 geplangte Start gouf wéinst Problemer mat der Spigelophänkung verluecht. De Start war den21. Februar2006 um 22:28 MEZ mat engerM-V-Rakéit umUchinoura Space Center, woubäi d'ASTRO-F an ee sonnesynchronenÄerdorbit a 750 km Héicht bruecht gouf. Nom Start krut dee 952 kg schwéiere Satellit den NummAkari, japanesch firLiicht.

DenHaaptspigel vum Teleskop huet 67 cm Duerchmiesser. D'Teleskop gëtt bis zirka 550 Deeg nom Start mat flëssegemHelium op 6K gekillt, soudatt wärend dëser Zäit Observatiounen am mëttleren a wäitem Infrarout (Wellelängte 5,5 µm bis 200 µm) gemaach kënne ginn. D'Observatiounen am noen Infrarout (Wellelängte 1,8 µm bis 5,05 µm) kënnen och iwwer dës Zäit eraus fortgesat ginn.

Déi wichtegst wëssenschaftlech Ziler vun der Missioun sinn d'Erfuerschung vun der Genesis vu Galaxien am fréien Universum an der Genesis vu Stären a Planéiten an derMëllechstrooss.

Verlaf

[änneren |Quelltext änneren]

Bis Mëtt August2006 hat Akari ongeféier 50 Prozent vum Himmel ënnersicht.Mëtt November2006 hat Akari dat éischt Himmelssurvey fäerdeg. Jaxa geet dovun aus, datt de Proviant un Helium nach mindestens bis Ufank September2007 hält.

D'Primärmissioun war Enn August2007 fäerdeg. Et goufe 94 Prozent vum Himmel gescannt an iwwer 5.500 Eenzelobservatioune gemaach.

Weider japanesch Satellitte fir d'Astronomie

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]


ESA Satellitten a Raumsonden

COS-B (1975)GEOS 1 aGEOS 2(1977,1978)Meteosat(19771997)IUE(1978)EXOSAT(1983)Giotto(1985)Olympus(1989)Hipparcos(1989)Hubble(1990)Ulysses(1990)ERS 1 anERS 2(1991,1995)EURECA(1992)ISO(1995)SOHO(1995)Huygens(1997)XMM-Newton(1999)Cluster(2000)Artemis(2001)Proba(2001)Envisat(2002)MSG 1 anMSG 2(2002,2005)Integral(2002)Mars Express(2003)SMART-1(2003)Double Star(2003)Rosetta(2004)SSETI Express(2005)CryoSat(2005)Venus Express(2005)Galileo(20052008)ASTRO-F(2006)METOP-A(2006)CoRoT(2006)GOCE(2007)SMOS(2007)Herschel(2009)Planck(2008)ADM-Aeolus(2008)HYLAS(2008)LISA Pathfinder(2009)CryoSat-2(2009)SWARM(2010)Gaia(2011)ExoMars(2013)BepiColombo(2013)JWST(2013)LISA(2015)Darwin(2015)Solar Orbiter(2015)Mars Sample Return (fréistens2016)

Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=ASTRO-F&oldid=2473843
Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp