Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

ADS 16402

Vu Wikipedia
ADS 16402
Stärebild:Lacerta(Lac)
Daten(EquinoxeJ2000.0)
Rektaszensioun22h 57m 47s
Deklinatioun+ 38° 40' 28"
Spektralklass:G0 / G0
Gréissteklass10 mag / 10 mag
Distanz(450 ± 70)
(140 ± 20)
Liichtkraaft:
Mass:
Duerchmiesser:
Radialvitess:
Aner Bezeechnungen
ADS16402
Bonner Duerchmusterung+37° 4734
Aner BezeechnungHAT-P 1
D'Stärebild Lacerta

ADS 16402 ass den Numm vun engemDuebelstäresystem amStärebildLacerta. D'Stäre vum System,ADS 16402 A anADS 16402 B, gehéieren alle béid zu der Spektralklass G0 a si ronn 450Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. D'Komponent A huet engvisuell Magnitude vun 10,0 mag, d'Komponent B huet eng vun 10,4 mag. De Wénkelofstand vu béide Stären ass 11,2" wat eng Distanz vu ronn 1600 AE entsprécht. Den Alter vun de béide Sonne gëtt op 3,6 Milliarde Joer geschat. Den ADS 16402 B gëtt vun engemExoplanéit ëmkreest an ass an deem Zesummenhank och alsHAT-P-1 bekannt.

Planéit HAT-P-1 b

[änneren |Quelltext änneren]

Beim ADS 16402 B (HAT-P-1) gouf am Joer2006 en Exoplanéit entdeckt, deen ënner der BezeechnungHAT-P-1 b bekannt ass an zu der Klass vun denHot Jupiter gehéiert. E gouf mat Hëllef vun engem Netzwierk vu klenge Wäitwénkelteleskopen, déi um Hungarian Automated Telescope (HAT) baséieren, mat der Transit-Method entdeckt. D'Distanz tëscht dem Exoplanéit an dem Stär AD 16402 B ass nëmme 5 % vun der Distanz tëscht Äerd a Sonn. Den HAT-P-1 b brauch nëmme véier an en hallwen Dag fir d'Ëmkreese vu sengem Zentralstär.

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=ADS_16402&oldid=2580022
Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp