18. Februar: D'Protester op der Maidan-Plaz zuKiew, an derUkrain, déi zanter dem 21. November 2013 am Gaang sinn, eskaléieren; et kënnt zu 77 Doudeger, wouropshin d'Parlament den 22. Februar de PresidentWiktor Janukowytsch fir ofgesat erkläert. Gläichzäiteg fänkt de Konflikt matRussland ëm d'Krim un.
16. Mäerz: Bei de virgezunnene Parlamentswalen aSerbien gewënnt demAleksandar Vučić sengFortschrëttsparei d'Majoritéit vun de Sëtz.
18. Mäerz: No engem Refrendum, de 16. Mäerz, deklaréiert d'russesch Regierung d'RepublikKrim an d'StadSewastopol, déi bis dohin zu der Ukrain gehéiert hunn, zu zwéin neie Federatiounssujete vu Russland.
06. Abrëll: Bei de Parlamentswalen anUngarn behält d'Fidesz-KDNP-Koalitioun hir Majoritéit; de PremierViktor Orbán gëtt den10. Mee a senger Fonctioun confirméiert.
18. Mee: Iwwer 50 Doudesaffer bei Iwwerschwemmungen a Südosteuropa, besonnesch an deBalkan-Länner.
25. Mee: Bei deWale fir d'Europäescht Parlament huet d'Europäesch Vollekspartei déi meeschte Sëtz kritt (214; 28,5 %) Zweetstäerkst Fraktioun ginn d'Sozialdemokrate mat 191 Sëtz (25,4 %). An Dänemark, Frankräich a Groussbritannien hunn (extrem)riets Gruppéiereungen, déi géint d'Europäesch Unioun sinn, staark u Sëtz gewonnen oder goufe stäerkst Partei. Mat populistesche Parteie vu soss an Europa fale sou bal e Véirel vun de Sëtz uneuroskeptesch Protestparteien.Gréng aliberal Parteie kommen op 6,9 %, resp. 8,5 %.
17. Juli: Nodeems sech an de Méint virdrun an der Ost-Ukrain pro-russesch Milize gebilt hunn, déi sech vun der Ukrain wëllen onofhängeg maachen, gëtt e Linnefluch vun der Malaysian Airlines um Wee op Kuala-Lumpur iwwer demDombass ofgeschoss, all 298 Leit u Bord stierwen.
25. Juli: DeWolodymyr Hrojsman gëtt neie Premierminister an der Ukrain, nom Récktrëtt vum Arseni Jatseniuk, deen Dag vidsrun.
02. Oktober: DeStefan Löfven gëtt neie Premierminister aSchweden, nodeems seng Partei bei de Parlamentswale vum 14. September déi meeschte Stëmme krut.
Zanter dem Ufank vum Joer: Biergerkrich amSüdsudan; bis Enn Juli 2014 gëtt et Zéngdausende vun Doudegen an 1,2 Milliouen Leit, déi aus dem Krichsgebitt hu misse fortlafen.
10. Mee: Bei de Parlamentswalen aSüdafrika kritt denANC d'Majoritéit vun de Stëmmen. DeJacob Zuma gëtt de 24. Mee fir eng zweet Amtszäit als President vereedegt.
08. Mäerz: De Fluch MH370 vun de Malaysia Airlines verschwënnt amIndeschen Ozean. Trotz wochelaanger Sich kënne keng Reschter vum Fliger fonnt ginn. Et gëtt ugeholl, datt keen u Bord d'Ongléck iwwerlieft huet.
uechtert d'Joer: De Biergerkrich aSyrien geet weider.
uechtert d'Joer: De Biergerkrich amIrak geet weider.
08. Juli: Ufank vun der OffensivProtective Edge vun der israeelescher Arméi géint d'Hamas an aner militantpalestinensesch Gruppen an derGazasträif. Bis de 26. Juli gëtt et iwwer 1000 Doudeger.
2014 hunn eppes méi wéi 12 700 Persounen als Folleg vun techneschen oder natierleche Katastrophen d'Liewe verluer oder goufen als vermësst erkläert, wat an der Geschicht vun de Katastrophen eng vun den niddregsten Zuelen trotz der gréisster Zuel vu Katastrophen an engem Joer ass. Et war mol net d'Hallschent vun 2013, a louch wäit ënner der Joresmoyenne vu 66.000 zënter 1990. Dat déidlechst Evenement war enÄerdbiewen an derchineesescherProvënz Yunnan amAugust mat op d'mannst 731 Affer.[1]
November: En décke Pak bis dohin net bekannte Steier-Accorden tëscht multinationalen Entreprisen an deLëtzebuerger Steieradministratioun ginn duerch déi sougenanntLuxLeaks via e Grupp vu Journalisten an de Medie bekannt gemaach a léisen eng international Debatt iwwer Steiervermeidung aus.
26. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zuGenk bei engem Trainingsmatch 1:5 géint d'Belsch, de Gol fir d'Lëtzebuerger huet denAurélien Joachim geschoss.[3]
04. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zuPerugia 1:1 géint Italien, de Gol fir d'Lëtzebuerger huet deMaxime Chanot geschoss.[4]
08. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Lëtzebuerg am Stade Josy Barthel am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 1.1 géint Wäissrussland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet deLars Gerson geschoss.[5]
09. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zuSkopje am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 2:3 géint Mazedonien, d'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn deStefano Bensi an denDavid Turpel geschoss.[6]
12. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Lëtzebuerg am Stade Josy Barthel am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 0:4 géint Spuenien.[7]
15. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Lëtzebuerg am Stade Josy Barthel am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 0:3 géint d'Ukrain.[8]