04. Abrëll: 1 - 3 Millioune Leit manifestéieren aFrankräich géint deCPE, e Gesetz, dat et soll erliichteren, Leit ënner 26 Joer anzestellen - mä och erëm z'entloossen.
19. Abrëll: Den italieeneschen Ieweschte Geriichtshaff erkläert demRomano Prodi seng Wal-AllianceL'Unione zum Gewënner vun de Parlamentswalen, déi den9. an10.4. ofgehale goufen, a ganz knapps ausgaange waren.
23. Abrëll: D'sozialistesch-liberal Koalitiounsparteien ënner dem PremierFerenc Gyurcsány ginn anUngarn vun de Wieler am Amt confirméiert.
17. September: Bei de Parlamentswalen aSchweden gewënnt déi oppositionell Mëtt-Riets-Allianz mamFredrik Reinfeldt un der Spëtzt mat enger knapser Majoritéit.Zuchaccident zu Zoufftgen
17. September: ZuBudapest ginn Zéngdausende vu Leit op d'Strooss, nodeem bekannt gouf, datt de PremierGyurcsány gesot hat, hien hätt d'Leit "moies, mëttes an owes" belunn, fir erëmgewielt ze ginn.
01. Oktober: Bei de Parlamentswalen anÉisträich kritt d'Regierungspartei vumWolfgang Schüssel (ÖVP) 34,2 % vun de Stëmmen (-13 Sëtz), d'oppositionellSPÖ 35,7 % (-1 Sëtz), déi domat stäerkst Partei ass.
05. September: D'Gesetz iwwer eFëmmverbuet an ëffentleche Gebaier, Schoulen, Spideeler, Restauranten a Caféen trëtt a Kraaft.
11. Oktober: Bei engemZuchaccident op der lëtzebuergesch-franséischer Grenz, zuZoufftgen tëscht engemCFL-Zuch an engem franséische Gidderzuch komme 6 Leit ëm d'Liewen, 16 ginn der blesséiert.
16. Januar ALiberia gëtt mat derEllen Johnson-Sirleaf fir d'éischt an der Geschicht vum afrikanesche Kontinet eng Fra als gewielt Staatscheffin vereedegt.
03. Februar: Beim Ënnergank vun der egyptescher Fär "Al-Salaam Bocaccio 98" amRoude Mier erdrénken ëm déi 1.000 Leit.
16. Januar: D'Vullegripp an hirer fir de Mënsch geféierlecher FormH5N1 ass an derTierkei ukomm. De lokale Bilan schwätzt vu véier Doudesaffer an op d'mannst 20 weider Persounen déi sech mam Virus infizéiert hunn.
12. Januar: ZuMekka kënnt et bei derHadsch-Pilgerfaart zu enger Massepanik; iwwer 340 Leit kommen ëm d'Liewen.
25. Januar: D'Extremisten-OrganisatiounHamas gewënnt d'Palestinensesch Parlamentswalen an erreecht d'absolut Majoritéit.
Februar: Déi vun der dänescher ZeitungJyllands-Posten am September 2005 publizéiertMohammed-Karikature léise mat Verspéidung massiv Protester an Iwwerfäll op Europäesch Ambassaden a verschiddene Länner am Noen Osten an an Asien aus.
06. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zuHesper 0:0 géint Lettland.[7]
07. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zuCelje, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2008, 0:2 géint Slowenien.[8]
11. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2008, 0:1 géint Bulgarien.[9]
15. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg 0:0 géint Togo.[10]