Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

2005

Vu Wikipedia

|20. Joerhonnert |21. Joerhonnert  
◄◄ | |2001 |2002 |2003 |2004 |2005|2006|2007|2008|2009||►►

Dës Säit befaasst sech mam Joer 2005.D'Joer2005 huet op engemSamschdeg ugefaangen. Et war keeSchaltjoer.

Evenementer

[änneren |Quelltext änneren]
  • D'Joer2005 ass vun der Generalversammlung vun derUNO zum Weltjoer vun derPhysik erkläert ginn.
  • 20. Januar: DenGeorge W. Bush gëtt fir d'zweet Kéier als President vun denUSA ageschwuer.
  • 29./30. August: An de StaateMississippi,Louisiana anAlabama riicht denHurrikan "Katrina" op engem Gebitt sou grouss wéi Groussbritannien Schied un, déi an d'Honnerte vu Milliarden Euro geschat ginn. D'StadNew Orleans, déi bal eng hallef Millioun Awunner hat, gëtt wéinst engem gebrachenenDäich bal ganz iwwerschwemmt; et gëtt iwwer 2.000 Doudesaffer.
  • 18./26. September: Den Hurrikan "Rita", dee bïs ewell am stäerkste jee gemoossenen Hurrikan iwwer dem Atlantik, riicht, obwuel net méi ganz sou staark iwwer Land, grousse Schued an de Südstaten un; et gëtt 119 Doudesaffer vum Stuerm (déi meescht dovun indirekt).

Mëttel- a Südamerika

[änneren |Quelltext änneren]
  • 15./25. Oktober: Den Hurrikan "Wilma", deen 3. vun der Kategorie 5 fir dëst Joer, mécht grousse Schued virun allem aMexiko an opKuba, et gëtt bal 50 Doudeger.
  • 07. Mee: Fraen demonstréieren an der Tierkei géint brutal Mësshandlung. Wéinst "Verletzung vun der Familljenéier" (als bestuet Fra op d'Strooss goen) ass an der Tierkei e 15-järegt Meedche vun dräi Familljemembere vergewaltegt ginn a krut duerno d'Nues erofgeschnidden.
  • 13. Mee: ZuAndijan, amUsbekistan schéisst d'Arméi op eng friddlech Manifestatioun, et gëtt Honnerte vun Doudesaffer.
  • 08. Oktober: Bei engem Äerdbiewen amKaschmir kommen anAfghanistan,Pakistan anIndien iwwer 40.000 Mënschen ëm d'Liewen.

Ozeanien & Pazifik

[änneren |Quelltext änneren]

Noen Osten an Arabesch Welt

[änneren |Quelltext änneren]

Konscht a Kultur

[änneren |Quelltext änneren]

Wëssenschaft an Technik

[änneren |Quelltext änneren]

Ekonomie

[änneren |Quelltext änneren]

Sport

[änneren |Quelltext änneren]
  • DenF91 Diddeleng gëtt Lëtzebuerger Champion am Foussball, denCS Péiteng gewënnt d'Coupe de Luxembourg.
  • 30. Mäerz: Déilëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zuRiga, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 0:4 géint Lettland.[1]
  • 08. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an derStad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 0:4 géint Slowakei.[2]
  • 24. Juli: DeLance Armstrong gewënnt säi 7. konsekutivenTour de France Titel a stellt domat en neie Rekord op (Dësen Titel gëtt him 2012 wéinst Doping oferkannt).
  • 03. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zuFaro, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 0:6 géint Portugal.[3]
  • 07. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zuVaduz, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 0:3 géint Liechtenstein.[4]
  • 08. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zuMoskau, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 1:5 géint Russland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet deClaude Reiter geschoss.[5]
  • 12. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 0:2 géint Estland.[6]
  • 16. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zuHesper 0:1 géint Kanada.[7]

Gebuer

[änneren |Quelltext änneren]

Gestuerwen

[änneren |Quelltext änneren]
Joséphine Charlotte
Jean Hengen
Max Schmeling
Teresa Wright
Harald Juhnke
Jean-Paul II.
Anne Bancroft
Camillo Felgen
Wim Duisenberg
Simon Wiesenthal
Pol Bury
Marcel Jander
Mady Molitor
Charly Gaul

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: 2005 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lettland-Lëtzebuerg den 30. Mäerz 2005 op der Websäit vun European Football.info
  2. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Slowakei den 8. Juni 2005 op der Websäit vun European Football.info
  3. D'Detailer vum Foussballlännermatch Portugal-Lëtzebuerg den 3. September 2005 op der Websäit vun European Football.info
  4. D'Detailer vum Foussballlännermatch Liechtenstein-Lëtzebuerg de 7. September 2005 op der Websäit vun European Football.info
  5. D'Detailer vum Foussballlännermatch Russland-Lëtzebuerg den 8. Oktober 2005 op der Websäit vun European Football.info
  6. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Estland den 12. Oktober 2005 op der Websäit vun European Football.info
  7. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Kanada de 16. November 2005 op der Websäit vun European Football.info
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=2005&oldid=2648084
Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp