Den(720) Bohlinia ass enAsteroid vun derHaaptceinture. E gouf den18. Oktober1911 vum däitschenAstronomFranz Kaiser zuHeidelberg entdeckt a gouf nom schweedeschen AstronomKarl Petrus Theodor Bohlin (1860–1939) genannt.
Den Objet gehéiert zurKoronis-Asteroidefamill, enger Grupp von Asteroiden, déi nom(158) Koronis genannt ass.
Eng Grupp vun Astronomen, dorënner deLucy d'Escoffier Crespo da Silva an deRichard P. Binzel, hunn Observatiounen aus de Joren 1998 bis 2000 benotzt, fir d'Spin-Vektor-Ausriichtung vun dësen Asteroiden ze bestëmmen. Déi kollektiv Aarbecht huet zu der Entwécklung vun 61 neien individuelle Rotatiounsliichtbéi gefouert, fir fréier publizéiert Observatiounen z'ergänzen.
De Binzel an deSchelte Bus hunn d'Wëssen iwwer dësen Asteroid an enger 2003 publizéierter Liichtwellestudie weider ausgebaut. Dee Projet war als Small Main-belt Asteroid Spectroscopic Survey, Phase II oder SMASSII bekannt, deen op enger fréierer Analys vun den Haaptceinture-Asteroiden opgebaut huet. D'Spektrendate vun der visueller Wellelängt (0,435–0,925 µm) goufen tëscht August 1993 a Mäerz 1999 gesammelt.
Portal Astronomie